Rekord-Transfert am FootballVan Dijk wiesselt fir Rekordzomm vu Southampton op Liverpool

Liverpool soll fir de Spiller ronn 84 Milliounen Euro bezuelt hunn. Domadder wär de Virgil van Dijk den deierste Verteideger an der Geschicht vum Football.

© afp
Den Trainer vu Liverpool Jürgen Klopp kritt säi Wonschspiller. E Mëttwoch den Owend huet Liverpool matgedeelt, datt een de Virgil van Dijk vu Southampton verflicht huet.

Liverpool soll fir de van Dijk ronn 84. Milliounen Euro bezuelt hunn, domadder wär et den deiersten Transfert vun engem Verteideger an der Geschicht vum Football. Béid Veräiner hu bis ewell awer keng genee Zomm genannt. Vu Southampton war et nëmmen d'Informatioun, datt d'Zomm, déi Liverpool bezilt, en neie Rekord wär.

Fir wéi laang de Virgil van Dijk beim 18-fachen englesche Meeschter ënnerschriwwen huet, ass nach net bekannt.