Internationale FootballVictoirë fir Liverpool an Chelsea an och fir d'Juve

De belsche ManU-Spiller Lukaku huet sech bei engem Kappballduell blesséiert an hat mussen ausgewiesselt ginn.

Liverpool huet Leicester 2:1 geklappt.
An England waren e Samschdeg 7 Matcher vum 21. Spilldag.

Do wënnt Bournemouth 2:1 géint Everton. Chelsea iwwerrennt Stoke mat 5:0. Huddersfield a Burnley ginn 0:0 auserneen. Liverpool wënnt 2:1 géint Leicester. Newcastle a Brighton spillen 0:0 gläich. Watfort verléiert 1:2 géint Swansea. A Manchester United spillt géint Southampton 0:0.

E Sonndeg sinn dann nach d'Partien Cristal Palace-Manchester City a West Bromwich-Arsenal.

Man-City bleift egal wéi vir an der Tabell.

Football: Premier League.

De Lukaku huet musse verletzt vum Terrain.


An Italien stoung den 19. Spilldag um Programm. Napoli hat do schonn e Freideg den Owend 1:0 bei Crotone gewonnen an b bleift un der Tabelle-Spëtzt.

Déi weider Partien:

Fiorentina - AC Milan 1:1
Atalanta Bergame - Cagliari 1:2
Benevento - Chievo Verone 1:0
Dat war déi éischt Victoire fir Benevento.
Bologne - Udinese 1:2
AS Roma - Sassuolo 1:1
Sampdoria Gênes - SPAL 2:0
Torino - Genoa 0:0
Inter Milan - Lazio Rome 0:0
Hellas Verona - Juventus Turin 1:3

Football: Serie A.

D'Roma huet just gläichgespillt géint Sassuolo.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.