FootballDen FC Déifferdeng 03 wënnt d'Coupe

Keen Doublé fir Diddeleng. Den F91 ass dem FCD03 um Freideg den Owend an der Coupe-Finale am Stade Josy Barthel mat 0:2 ënnerleeën.

© Val Wagner
Et war u sech eng éischter langweileg éischt Halschent, déi déi 2.836 Spectateuren, déi bezuelt hunn, gesinn hunn, well an där huet virun allem an der Ufanksphas op béide Säiten de Wuppes gefeelt.

Kuerz virun der Paus hunn déi Déifferdenger dunn awer eng éischte Kéier zougeschloen: An der Nospillzäit huet den Antonio Luisi quasi aus dem Näischt eraus getraff. Hien war eleng an de Strofraum gezunn a mat engem Schoss aus 14 Meter huet hien de Ball eragesat.

Den 1:0 fir den FCD.© Val Wagner


No der Paus haten déi Diddelenger direkt eng ganz gutt Chance, fir z'egaliséieren, ma et sollt net sinn - de Ball goung iwwert de Goal.



Dofir war et an der 55. Minutt den 2:0 fir Déifferdeng duerch den Geoffrey Franzoni, dat op 11-Meter hin - plus eng rout Kaart fir den F91-Spiller Ney.



Iwwerhaapt waren déi zweet 45 Minutte vill méi animéiert, wat een och un e sëllechen Diskussioune mam Arbitter gesinn huet.

No ronn 95 Minutte konnt den FCD dunn awer endlech seng drëtte Couppe-Victoire feieren, dat am Michel Leflochmaon sengem leschte Match fir Déifferdeng.

© Laurent Weber


D'Victoire vun FCD war net onverdéngt an d'Revanche no der Néierlag d'lescht Joer an Finale géint d'Jeunesse ass also gegléckt, och well den F91 laang net esou staark war wéi nach de leschte Weekend am decisive Championnatsmatch géint d'Fola.

De Pascal Carzaniga, Trainer vum F91, ass e grousse Frënd vum Déifferdenger Trainer Michel Leflochmoan. Obwuel hien den Titel mat an d’Forge du Sud bruecht huet, weess de Crazaniga net, wéi et fir d’nächst Saison ausgesäit.

© Val Wagner


Besonnesch d’Nationalspiller, déi um Freideg an Aktioun waren, hu keng Zäit, fir entweder de Succès ze genéissen oder d’Defaite ze verdauen, well schonn e Méindeg gëtt an der Belsch géint d’Diables Rouges gespillt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.