Coupe de LuxembourgDéifferdeng wënnt am Eelefmeterschéissen

D'Coupe geet fir déi 4. Kéier op Déifferdeng. No engem zéie Match fält d'Decisioun am Eelefmeterschéissen. Do kann de Weber gläich zwee Mol paréieren.

Déi 2.566 Spectateuren hunn um Sonndeg am spéiden Nomëtteg am Stade Josy Barthel ee gréisstendeels zéie Match gesinn. Dofir sollt et allerdéngs spannend bis zum leschten Eelefmeter bleiwen.

F91 Diddeleng - FC Déifferdeng 03 3:4 no Eelefmeterschéissen (1:1, 1:1, 1:1)


1:0 Siebenaler (Selbstgoal, 23.), 1:1 Siebenaler (24.)

1:1 Weber hält géint de Malget
1:2 Caron
2:2 Pedro
2:3 Rodrigues
2:3 Weber hält géint de Maury
2:4 Franzoni
3:4 Jahier
3:4 Siebenaler schéisst un d'Lat
3:4 Benajiba schéisst derlaanscht

LIVETICKER fir nozeliesen.

Nom Match war d'Freed bei deene villen Déifferdenger Supporter verständlecherweis grouss. Duerch dee knappe Succès verteidegt den FCD net nëmme säin Titel, mä hëlt d'Coupe insgesamt fir déi véierte Kéier op Déifferdeng. Fir den F91 geet eng duerchwuesse Saison mat enger weiderer Enttäuschung op en Enn.
© Val Wagner

Déi éischt Halschent stoung haaptsächlech am Zeeche vun zwee ganz kuriéise Goaler. An der 20. Minutt huet de Kevin Malget de Ball an de Strofraum bruecht. Den Tom Siebenaler huet d'Flank esou onglécklech ofgefälscht, dass de Weber am Déifferdenger Goal dem Ball just nach konnt hannendru kucken.



Keng zwou Minutte méi spéit stoung op en neits de Siebenaler am Mëttelpunkt. Den FCD-Defenseur huet de Ball am Fong just wäit an déi Diddelenger Halschent gedonnert, mä de Joubert stoung komplett nieft sech an huet d'Lieder ënnert sengem Fouss duerchrutsche gelooss. Insgesamt huet den Nationalkeeper ongewinnt vill Onkonzentréiertheete gewisen, war an zwou, dräi kriddelege Situatiounen awer och fir seng Matspiller op der Plaz. 

1:0 fir Diddeleng


No deenen zwee Goaler innerhalb vu just e puer Sekonnen ass d'Partie awer op en neits verflaacht. Béid Formatiounen hunn sech eng helle Wull onpräzis Passen erlaabt an ee richtege Spillfloss ass am Fong zu kengem Ablack opkomm.

Déifferdeng war déi éischt Stonn déi bësse besser Equipe, huet an deene leschten drësseg Minutten allerdéngs d'Heft aus der Hand ginn. Den F91 ass besser an d'Partie komm, konnt sech awer keng gréisser Geleeënheeten erauspillen.

De Yéyé aus der Dréiung (55. Minutt) an de Cruz per Kappball (83. Minutt) haten déi eenzeg konkret Chancen an der zweeter Halschent, sou dass d'Verlängerung déi logesch Konsequenz aus deenen nonzeg Minutte war.



An der Verlängerung sollte béit Veräiner net méi all ze vill riskéieren. Virun allem Déifferdeng hätt no der giel-rouder Kaart vum Cruz (102. Minutt) kënne méi offensiv spillen, mä d'Equipe vum Marc Thomé hat just duerch den Er Rafik eng nennenswäert Geleeënheet an der Verlängerung. Wéi och dem Da Mota säi Fräistouss kuerz viru Schluss de Wénkel verpasst huet, ass d'Entscheedung am Eelefmeterschéisse gefall.

Do huet de Julien Weber am Déifferdenger Goal direkt deen éischten Eelefmeter vum Kevin Malget paréiert. No séchere Strofstéiss vu Caron, Pedro a Rodrigues, huet de Weber och dem Maury säi Versuch entschäerft.

Franzoni a Jahier hunn dono getraff a sou hätt de Siebenaler kéinten zum decisiven Déifferdenger Mann ginn. Den Defenseur huet de Ball awer un d'Lat gesat a sou den F91 nach um Liewe gelooss. De Benajiba konnt déi Virlag awer net verwäerten an huet säin Eelefmeter derlaanscht gesat.

Giel-Rout fir den Diddelenger Rosa da Cruz.


Fotoe vun der Coupe-Finale vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu

2014 oder 2015?

Kleng Anekdote nach kuerz virun der Iwwerreechung vun der Coupe: Während um groussen Ecran den FCD als Coupe-Gewënner 2015 gefeiert gouf, war um "Kader" fir déi obligatoresch Equippefoto mat der Coupe ze liesen: "Coupe de Luxembourg 2014".

De Lapsus ass awer net nëmmen op der Tribün opgefall, Offizieller hunn de Kader séier no vir gekippt an d'Joreszuel eliminéiert - also nach just "Coupe de Luxembourg", dat passt egal wéi ;-)



Coupe-Finale: Déifferdeng wënnt no 11m-Schéissen (31.05.2015)
Mat 4:3 geet d'Coupe op Déifferdeng.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.