Matchs de barrage


Rouspert (ND) 2 0 Käerjeng (EP)
Ugepaff ëm 19:30
Fin de partie (2 - 0)
1723 Zuschauer hunn Keesen passéiert.
90+4' Hei um Terrain ass Decisioun gefall a Rouspert bleift an der BGL Ligue. Mat engem 2-0 Succès fir Rouspert ass hei de Match op een Enn gaangen. Rouspert hat an hiren Reien den Bürger deen seng Këscht mat Superparaden propper gehalen huet. Käerjeng huet iwwert di ganz 90 Minutten wuel de Match dominéiert awer am Fussball zielen bekanntlech Goler an dee hunn di Rouspert geschoss. Käerjeng huet e flotten a gudden Match hei ofgeliwwert awer oni dass si de Ball am Filet vum Bürger konnten ënnerbréngen. Haut den Owend ass schonns ewéi leescht Joer den "Pompjee" vu Rouspert den René Roller. Elo dierf zu Rouspert gefeiert ginn.

Den Weirich geet eraus an eran kënnt den Malheilro.
90+2'
Carte Jaune

De Lascak huet den Terrain verlooss an den Valente ass op den Terrain komm.
90'

Den Heinz huet de Penalty verwandelt. Hien huet dem Kipper mat engem strammen Schoss an dem Kipper säin rietsen Eck keng Chance gelooss.
89'
Den Fernandes huet den Hartmann am Strofraum gefoult. Den Arbitter huet direkt op de Punkt gewisen. 88'

Den Brandenburger huet Giel Kaart gesinn.
86'

Den Weirich huet de Lascak mat engem schéinen Pass an Déift geschéckt, hien ass op den Gol gezunn an kalbliddeg eragesat.Keng Chance fir den Ottele.
84'
75' Di Käerjenger sichen hei Decisioun.
73'
Den Tim Ewert geet duerch den Dublin ersat.

De Kurz ersetzt den Marques.
71'
Gudde flaache Schoss vu riets vum Alunni deen de Kipper awer sécher hält. 68'
1. ganz gutt Golchance fir Rouspert. Den Bartsch huet den Hartmann fräigespillt an hien ass op de Gol gezunn. De Kipper Ottele huet dem Hartmann awer de Ball aus de Féiss gefëscht. 62'
62' Hei um Terrain dominéiert nëmmen eng Ekipp an dat sinn di Käerjenger.
61' Gudde Spillzuch vum Cassan wou den Baier mam Kapp un de Ball komm ass an hien huet den Ball an dem Bürger säin kuerzen Eck gekäppt. De Bürger war schnell um Buedem fir de Ball an de Corner ze deviéieren.
60' Eng Stonn ass hei gespillt an bis elo haten di 2 Ekippen nach keng Golchance.
50' No engem Corner vum Cassan vu lénks ass den Kipper laanscht de Ball am Strofraum geseegelt. Et ass awer ouni Konsequenzen bliwwen. Eenzege Feeler vum Kipper.
46' Di 2 Halschent ass ugepaff.
Mi-temps (0 - 0)
45' Hei um Terrain geet et mat engem Remis an Paus. Käerjeng hat hei di besser Chancen an 1 Avantage wier verdéngt gewiescht. Rouspert huet bis elo nach net zu hirem Spill fonnt. Si kënnen frou sinn, dass si sech op hiren Kipper Bürger kënnen verloossen deen mat 3 Paraden e Réckstand verhënnert huet. Käerjeng huet eng vill besser Ballcirkulatioun an doduerch hunn si sech och di besser Golchancen erausgespillt.
Wäitschoss vu 16 Meter vum Marques deen den Ottele am Gol ewechboxt. 42'
Verdecktenen Schoss vum Lascak deen den Ottele op de Buedem sichen gaang ass an duerno ënnert Kontroll geholl huet. 41'
40' Fräistouss vu lénks vum Cassan deen vum Gaspar verpasst ginn ass a mat engem Superreflex huet de Bürger de Ball am leeschte Moment gesinn an hien konnt de Ball ewechfauschten.
Gaspar 35'
31' Schoss vu lénks vum Alunni hallef héich an dem Bürger säin laangen Eck. Den Bürger paréiert sécher.
30' Den Match hei ass op engem relativ schwaachen Niveau.
29' Schoss vu riets vum Cassan deen awer vun engem Verteideger ofgeblockt gëtt.
17' Schéine Wäitschoss vun ca. 25 Meter vum Skrijelj an genau sou eng schéin Parade vum Kipper Bürger den de Ball aus dem Wénkel fëscht. Hien huet de Ball iwwert Lat geboxt.
15' Di 2 Ekippen wierken nervös a aktuell vill Ballverloschter op deenen 2 Säiten.
10' 10 Minutten hei um Terrain si gespillt an di 2 Ekippen sinn am Begrëff sech ofzetaaschten.
1' Den Ball rullt hei um Racing.
Opstellong: 1 Ottele 16 Alunni 14 Baier 90 Bourgeois 10 Cassan 4 Dutot 23 Ewert Noé 20 Ewert Tim 3 Fernandes 5 Hess 7 Skrijelj. Ersatzspiller sinn: 25 Weiland 27 Dublin 88 Fortes Gomes 6 Jesus Maltez 26 Oliveira Barros Da Silva. Trainer ass den David Zenner.
Opstellung: 22 Bürger 3 Dücker 5 Feltes 6 Heinz 8 Bartsch 10 Weirich 11 Gaspar 17 Hartmann 20 Lascak 23 Brandenburger 27 Marques. Ersatzspiller sinn: 13 Malheiro Martins 14 Sorares 15 Becker 19 Kurz 12 Vogel. Trainer ass den René Roller.
Arbitter vum Match ass den Laurent Kopriwa mat sengen Assistenten Ries an Da Silva. 4. Offiziellen ass den Här Morais.
Mat Verspéidung e schéine gudden Owend hei aus dem Stade vum Verluerekascht, wou haut den Owend de Barragematch tëschent der Victoria vu Rouspert a Käerjeng gespillt geet. Gespaant dierf e sinn wien haut den Owend hei als Vainqueur vum Terrain geet an an der BGL Ligue wäert bleiwen oder wäert opsteigen.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé