Jeunesse 3 1 Rëmeleng
Ugepaff ëm 16:00
1117 Spectateuren hunn de Wee op d'Grenz fonnt.
Fin de partie (3 - 1)
90+3' Den Här Bourgnon päift de Match op der Grenz of an et ass d'Jeunesse déi dëse Match verdéngt fir sech entscheede kann. Obwuel Rëmeleng laang gutt matgehalen huet, muss den Opsteiger sech schlussendlech mat 3:1 geschloe ginn, ka mat der Leeschtung awer zefridde sinn.
Klica A.
Dat gëtt dann och direkt mat engem Escher Konter bestrooft. Den Er Rafik leet de Ball no engem laange Sprint op de Klica of, deen aus ronn 15 Meter säin zweete Gol vum Dag schéisst.
89'
Fiorani A. 88'
88' Rëmeleng geet elo volle Risiko a geheit alles no vir wat geet.
83' Beim Corner fuerderen d'Spiller vu Rëmeleng en Eelefmeter wéinst engem vermuttlechen Handspill. Den Arbitter léisst weider lafen.
83' Gomes B.
82' E Fräistouss dee vun engem Escher Spiller ofgefälscht gëtt, gëtt fir de Golkipp immens geféierlech. De Sommer kann de Ball awer an de Corner paréieren.
Klica A.
De Menai flankt de Ball säitlech vum Strofraum op den zweete Potto, wou de frësch-agewiesselte Klica den 2-1 markéiere kann.
79'
Klica A. 78'
De Almeida Pedro J. 78'
73' Gomes B.
73' Lusamba O.
70' D'Jeunesse erhéicht den Tempo a setzt d'Rëmelenger ëmmer méi ënner Drock.
67' Fostier J.
67' Schmit E.
Do war d'Chance op d'Féierung wéi aus dem Näischt! Den Todorovic, dee mat no vir gelaf ass, kritt de Ball no engem verluerenen Zweekampf awer nach zeréck. Passt de Ball op de Kyereh, dee ganz eleng 10 Meter virum Gol steet, de Ball awer laanscht de Gol schéisst. 65'
63' Den Ament ginn et bei béiden Ekippen Ongenauegkeeten am Passspill, sou dass sech de Match haaptsächlech am Mëttelfeld ofspillt.
60' D'Haushäre waarden nach op den éischte Schoss nom Säitewiessel. Rëmeleng verteidegt gutt a probéiert op Konter ze spillen.
Menessou A. 57'
Soares de Sousa D. 57'
53' Den Diallo kritt de Ball säitlech am Strofraum, spillt de Ball weider op de Fostier, deem säi Schoss awer ofgeblockt gëtt. Do huet d'Escher Ofwier net gutt opgepasst.
50' Bis elo ass et eng roueg zweet Hallschent. Béid Ekippe stinn disziplinéiert.
Menaï H. 46'
N'Diaye M. 46'
46' Den Här Bourgnon gëtt de Ball zu der zweeter Hallschent fräi.
Mi-temps (1 - 1)
45+1' Mam 1:1 geet et dann och an d'Paus. D'Spectateure kréien op der Grenz e gudde Match ze gesinn. Och wann d'Jeunesse déi eng oder aner Chance méi hat, ass et e gerecht Resultat no 45 Minutten.
40' D'Unzuel vun de Chancen huet sech an de leschte Minutte verréngert. De Match ass ausgeglach.
33' Dragovic N.
31' D'Flank vum Maison fënnt de Lusamba, dee ganz fräi am Escher Strofraum steet. De Käpper aus 11 Meter geet knapps riets laanscht de Gol.
30' Et ass en intensive Match mat ville Chancen op béide Säiten. An de leschten 10 Minutte sinn et awer d'Haushären déi méi no un engem zweete Gol sinn.
De Steinbach spillt de Ball duerch op den Ndiaye dee vun der Säit kënnt, de Schoss awer net cadréiert kritt. D'Jeunesse wëll den 2:1! 27'
Den Ndiaye mat enger geféierlecher Flank op den zweete Potto, wou de Maison de Ball awer knapps verpasst. 25'
De Steinbach probéiert et aus der Distanz. De Winckel huet de Ball awer sécher. 24'
De Kyereh kritt de Ball nees an de Laf gespillt. De Rëmelenger Golkipp kann de Ball awer am 1-géint-1 fir sech behaapten. 23'
Er Rafik O.
D'Äntwert léisst net laang op sech waarden. Am direkte Géigenzuch stécht den De Almeida de Ball op de Kyereh duerch, dee fënnt mat senger Flank den Er Rafik, deen aus 5 Meter zum 1:1 ausgläiche kann.
16'
15' Fostier J.
E schéin ausgespillte Konter bréngt de Gaascht mat 1:0 a Féierung! De Cunha gëtt op der Säit an de Laf gespillt. No zwee Crochete leet hien de Ball eriwwer a sou ass et de Fostier dee ganz fräi steet a sou den éischte Gol vum Match schéisst.
No 13 Minutten dann och den éischte Schoss fir d'Jeunesse. De Ball gëtt ofgefälscht a rullt net ongeféierlech laanscht de Gol. 13'
10' An der Ufanksphas sinn et d'Haushären déi d'Initiative iwwerhuelen a méi Ballbesëtz hunn. Zu enger Golchance ass et fir d'Jeunesse bis elo awer nach net komm.
5' Den Diallo mat engem éischte Schoss aus ronn 20 Meter. Kee Problem fir Sommer am Gol vun den Escher.
1' De Ball rullt op der Grenz.
Geleet gëtt de Match vum Här Bourgnon, assistéiert vun den Häre Mateus a Gomes.
Auswiesselspiller: 12 Muhovic - 3 Rodrigues - 15 Gomes - 22 Schmit - 29 Dabrowski
Auswiesselspiller: 12 Ivesic - 5 Menai - 8 Duriatti - 14 Menessou - 17 Klica
Opstellung: 1 Winckel - 2 Donval - 4 Siebert - 6 Thior - 7 Diallo - 10 Fostier - 11 Sahin - 16 Maison - 19 Cunha - 23 Dragovic - 30 Lusamba
Opstellung: 1 Sommer - 4 Todorovic - 6 Fiorani - 11 Ndiaye - 15 Aleixo - 16 Kyereh - 18 Lapierre - 20 Soares - 23 Steinbach - 24 De Almeida - 25 Er Rafik
Gudde Mëtteg vun der Grenz wou haut d'Escher Jeunesse an d'US Rëmeleng openeentreffen. Fir béid Ekippe gouf et um 1.Spilldag e gelongenen Optakt an déi nei Saison. D'Jeunesse konnt sech am Escher Derby géint d'Fola duerchsetzen an den Opsteiger aus dem Minett huet sech iwwerraschend géint de Progrès behaapt. Et erwaart eis also e spannende Match tëscht zwou Ekippen déi schonn eng Victoire Opweises hunn.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé