F91 0 2 Déifferdeng03
Ugepaff ëm 19:30
Fin de partie (0 - 2)
748 Spectateuren hunn haut de Wee op Diddeleng fonnt.
Déifferdeng wënnt hei dach e bëssen iwwerraschend géint Diddeleng mat 2:0 mee sécherlech net onverdéngt. An der éischter Halschent huet Déifferdeng dat gutt gemach andeems se kompakt stoungen an hir Chancen äiskaal genotzt hunn. No der Paus huet Diddeleng op de Gol gedréckt mee d’Gäscht stoungen nach ëmmer gutt an Diddeleng konnt hir Chancen déi se kruten net notzen.
90+3' Konter fir Déifferdeng, de Caron leeft op de Gol mee de Joubert ka paréieren.
90+1' De Lohei schéisst den 3:0 mee stoung am Abseits!
87' Oukache J.
87' Deruffe M.
86' Et ass weider Diddeleng déi hei spillen, mee de Wee an de Gol soll net geléngen.
Diddeleng notzt hir Chancen net! Am 16er kritt de Perez de ball mee schéisst aus gudder Positioun awer net, leet eriwwer op den Turpel an deem säi Schoss gëtt ofgeblockt! 80'
Elo ass et de Jensen deen aus 15 Meter vu lénks ofzitt mee de Weber ka nees paréieren. 75'
De Sousa Moreira C. 73'
71' Swistek J.
71' Bettmer G.
Cruz S. 69'
67' Grad um Terrain a scho bal den 3:0 geschoss! De Lohei kritt en héije Ball, léisst déi Diddelenger Defense al ausgesinn a leeft eleng op de Gol mee schlussendlech gëtt en awer nach gestéiert a kritt de Ball net am Gol ënnerbruecht!
67' Lohei R.
67' Couto R.
66' Diddeleng dréckt elo hei op den 1:2. Déifferdeng kritt sech net méi vill entlaascht.
Melisse B. 63'
20 Meter virum Gol gëtt et e Fräistouss. De Pokar hëllt sech deem un, schéisst en an de Golkippseck mee de Vandenbroeck leeft zeréck bei de Potto a klärt de Ball virun der Linn! 62'
Staark Parad vum Weber! De Melisse flankt vu lénks an d'Mëtt, de Perez käppt aus dem Laf eraus op de Gol mee de Weber weist e staarke Reflex a lenkt de Ball iwwert d'Lat! 59'
57' Diddeleng trëtt elo an der zweeter Halschent ganz anescht op. Se räissen elo d'Spill u sech a spillen mat vill méi Tempo a Kombinatiounsspill.
Kenia L. 55'
Diddeleng kombinéiert sech gutt an de Strofraum wou schlussendlech de Kenia liicht lénks zum Schoss kënnt mee dee gëtt ofgeblockt. 53'
49' Mat den 3 Wiesselen an der Halschent huet den Dino Toppmöller kloer gewisen dat en net zefridde mat der Leeschtung an der éischter Halschent war.
Kenia L. 46'
Turpel D. 46'
Cruz S. 46'
Yeye J. 46'
Schnell T. 46'
Kakoko S. 46'
46' De Ball rullt nees.
Mi-temps (0 - 2)
45+2' Mat engem 2:0 fir Déifferdeng geet et an d'Paus an dat geet och an d'Rei. Diddeleng ass haut guer net am Match an do feelt et u vill. Déifferdeng steet kompakt a war immens effektiv. Bei Diddeleng muss sech e bëssen eppes änneren wann se hei nach eppes wëlle mathuelen.
An der Mëtt vum Terrain sëtzt sech de Perez gutt duerch, geet puer Meter a schléisst aus 20 Meter of mee de Weber ka mam Fouss paréieren. 41'
34' Diddeleng huet hei seng Problemer mat Déifferdeng. D'Gäscht stinn defensiv kompakt a loosse keng Chancen zou. Selwer haten se der 2 a konnten 2 Goler schéissen. An effektiv muss ee géint Diddeleng och sinn. Vielläicht denkt d'Heemekipp och schonn ze vill u Warschau.
30' Caron G.
Déifferdeng erhéicht!! De Bettmer gëtt de Ball op lénks an de Strofraum op de Couto, deen leet nees zeréck an d'Mëtt an do ass et de Caron deen nees zimlech fräi an de Filet schéisse kann!!
Bal den 1:1 fir Diddeleng! No enger flaacher Flank vum Melisse, dévieiert de Siebenaler de Ball Richtung eegene Gol wou de Yeye un de Ball kënnt, sech eng kéier dréint a schéisst mee de Weber ass nach drun a schlussendlech kann e Verdeedeger klären. 27'
21' Couto R.
An do ass den éischte GOL! De Bettmer huet sech am Mëttelfeld de Ball erkämpft, geet Richtung Gol a schéisst, mee de Schoss gëtt geblockt. De Ball kënnt bei de Couto an dee ka ganz fräi de Ball aus 15 Meter an de rietsen Eck schéissen! 1:0 mat der éischter Golchance vun Déifferdeng!
20' Golchancen gesi mer bis elo, ausser dem Schoss vum Melisse, net. Béid Ekippen di sech schwéier sech am lëschten Drëttel duerchzesetzen. Mir hu just 2 haart Fouls vun Déifferdeng gesinn fir déi och déi giel Kaart gouf.
17' Rodrigues De Almeida A.
14' Caron G.
9' Am Ufank vum Match sinn et éischter Ongenauegkeeten déi dëse Match dominéieren. Kee vun deenen zwee konnt sech bis elo propper no vir spillen.
Elo déi éischt Chance am Match! Op 25 Meter huet de Melisse de Ball an zitt einfach mol flaach of. De Weber léisst sech awer net iwwerraschen a paréiert souverän. De Schoss war och ze zentral. 5'
1' De Ball rullt am Stade Jos Nosbaum.
Arbittertrio: KOPRIWA, BECKER, HANSEN
Spiller op der Bänk: 1 WORRE (GK), 8 RIBEIRO, 7 LOHEI, 23 OUKACHE, 6 SWISTEK
Opstellung: 30 WEBER, 19 VANDENBROECK, 4 RODRIGUES, 11 CARON, 20 BETTMER, 5 SIEBENALER, 27 GAROS, 9 DERUFFE, 25 FRANZONI, 21 JÄNISCH (C), 14 COUTO PINTO
Spiller op der Bänk: 4 MALGET, 22 CRUZ, 33 FRISING (GK), 77 TURPEL, 99 KENIA
Opstellung: 1 JOUBERT (C), 2 DE SOUSA, 5 SCHNELL, 8 POKAR, 9 SINANI, 23 KAKOKO, 26 PREMPEH, 27 MELISSE, 28 PEREZ, 95 YEYE, 19 JENSEN
Schéine gudden Owend vun Diddeleng aus dem Stade Jos Nosbaum wou d'Heemekipp op Déifferdeng trëfft. Och wann de Géigner Déifferdeng heescht ass Diddeleng haut awer de Favorit op d'Victoire.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé