F91 4 1 Progrès Nidderkuer
Ugepaff ëm 18:00
Fin de partie (4 - 1)
713 Spectateuren hunn de Wee op Diddeleng fonnt.
An engem flotte Match gewënnt Diddeleng schlussendlech verdéngt mat 4:1 géint Nidderkuer. No 44 Minutten war Diddeleng scho mat 3:0 a Féierung éier Nidderkuer kuerz virun der Paus nach den 1:3 schéisse konnt. No der Paus huet Nidderkuer op den 2:3 gedréckt mee krut sech net vill richteg Golchancen erausgespillt. Mat engem äiskalen Turpel konnt den F91 dann an der 70. Minutt alles kloer maachen. Nidderkuer huet och keng schlecht Leeschtung gewisen mee dat neit Trainerteam ëm Serredszum a Wolf huet nach bëssen Aarbecht viru sech.
Pokar M. 86'
Sinani D. 86'
85' Och wann Nidderkuer wees dat se dëse Match verluer hunn, spillen se weider no vir a wëllen dëse Match ordentlech fäerdeg spillen.
Perez N. 83'
Turpel D. 83'
80' Ikene F.
80' Francoise E.
78' Dëse Gol ass entgéint de Spillverlaf gefall. Nidderkuer huet op den 2:3 gespillt a war och kuerz virdrun mee Diddeleng huet äiskal zougeschloen an domadder alles kloer gemaach. Dat mécht eng Spëtzenekipp aus.
72' Bastos Y.
72' De Almeida M.
Agovic E. 72'
Ibrahimovic S. 72'
Turpel D.
D'Virentscheedung ass gefall! Den Turpel kritt de Ball 35 Meter virum Gol perfekt an de Laf gespillt, deen hëllt dësen genausou perfekt mat, leeft Richtung Gol a markéiert äiskaal!
70'
65' Déi kloer méi engagéiert Ekipp ass elo Nidderkuer an se wëllen onbedéngt den 2:3 schéissen. Diddeleng muss an dëser Phase oppassen.
Cruz S. 64'
63' Fräistouss vum De Almeida aus 25 Meter mee dee war net placéiert genuch an de Frising hat keng Problemer.
62' Karapetian A.
62' Ramdedovic D.
Kruska M. 60'
59' Vogel B.
58' De Martins sëtzt sech gutt iwwer riets duerch, gëtt de Ball an d'Mëtt mee den Thill erwëscht de Ball net richteg.
57' An der zweeter Halschent ass de Match ganz ausgeglach mee bis elo gouf et nach keng gréisser Golchancen an der zweeter Halschent.
50' Ramdedovic D.
E Fräistouss vum Sinani aus 16 Meter gëtt ofgeblockt. 48'
46' Déi zweet Halschent leeft.
Mi-temps (3 - 1)
45+2' Direkt nom 1:3 ass Paus an d'Féierung vir Diddeleng ass verdéngt mee villäicht ëm 1 Gol ze héich. Den F91 hat de Match gréisstendeels am Grëff mee zum Schluss vun der 1. Halschent huet Nidderkuer bësse méi Drock gemaach a konnten nach den 1:3 virun der Paus schéissen. Fir hei zu Diddeleng awer nach eppes mat ze huelen, mussen se sech an der zweeter Halschent nach bësse steigeren.
45+1' Hall T.
GOOOOOL fir Nidderkuer! De Progrès verkierzt kuerz virun der Paus op 1:3! No engem Fräistouss käppt den Hall mam Kapp an de Gol! Dëse Gol hunn se sech och verdéngt!
Kruska M.
GOOOOL fir Diddeleng!! Nidderkuer huet gepresst fir den 1:2 ze schéissen mee Diddeleng mécht den 3:0! De Kruska schéisst aus 20 Meter flaach an de lénksen Eck!
44'
41' Elo ass et dann awer nach eng kéier de Vogel deen aus der Distanz ofzitt mee de Frising paréiert gutt.
40' Am Moment kritt keng Ekipp sech richteg Golchancen erausgespillt. Et spillt sech vill am Mëttelfeld of.
Turpel D.
GOOOOOL fir den F91!! Den Turpel kritt eng schéin Pass an de Strofraum, emdribbelt de Flauss a schéisst ganz cool laanscht e Verteideger an de Gol!
29'
28' Nidderkuer krut sech schonn e puer mol bis bei de Strofraum gespillt mee bis elo feelt ëmmer déi lescht Pass.
19' De Vogel zitt fräi aus 20 Meter of, de Frising paréiert de Ball, flitt an d'Luucht a vun do aus nach eng kéier op d'Lat an dann an den Aus.
19' Bis zum 1:0 hat keng Ekipp kloer Feldvirdeeler an och Nidderkuer huet sech net verstoppt, konnt sech bis elo offensiv allerdéngs nach net an d'Scene setzen. Ab dem 1:0 huet Diddeleng awer d'Kontroll vum Match iwwerholl.
Couturier C.
GOOOOL fir Diddeleng! Mat der éischter richteger Chance geet den F91 a Féierung! Den Turpel gëtt op riets an de Strofraum gescheckt, dee schéisst aus spatzem Wénkel iwwert de Golkipp, de Ball geet awer net an de Gol mee de Couturier kann mat der zweeter Chance de Ball aus 5 Meter am eidele Gol ënnerbréngen.
12'
6' Schoss vum Ramdedovic aus 25 Meter mee de Ball geet puer Meter laanscht de Gol.
Eischte Corner fir Diddeleng mee an der Mëtt käppt den Da Cruz iwwert de Gol. 2'
1' De Ball rullt am Stade Jos Nosbaum.
Arbittertrio: Durieux, Da Silva, Majstorski
Spiller op der Bänk: 13 SCHINKER, 70 MATIAS, 6 IKENE, 9 BASTOS, 87 KARAPETIAN
Opstellung: 1 FLAUSS, 22 MARTINS, 38 KARAYER, 34 HALL, 20 GOBRON, 8 RAMDEDOVIC, 5 VOGEL, 31 S. THILL (C), 14 FRANCOISE, 7 DE ALMEIDA, 28 TORRES
Spiller op der Bänk: 2 DE SOUSA, 8 POKAR, 16 ESPOSITO, 25 AGOVIC, 28 PEREZ
Opstellung: 33 FRISING, 5 SCHNELL (C), 6 KRUSKA, 7 IBRAHIMOVIC, 9 SINANI, 14 COUTURIER, 22 DA CRUZ, 24 JORDANOV, 26 PREMPEH, 27 MELISSE, 77 TURPEL
Schéine gudden Owend vun Diddeleng wou haut de Spëtzematch tëscht dem F91 (4.) an dem Progrès Nidderkuer (5.) gespillt gëtt. Et treffen zwou Top-Ekippen openeen déi an der BGL-Ligue awer nach hir Problemer dës Saison hunn.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé