RM Hamm Benfica 1 2 Hueschtert
Ugepaff ëm 16:00
348 spectateuren sinn op dësem Match präsent.
No 96 gespillte Minutten ass et eriwwer hei um Cents. Den FC RM Hamm Benfica verléiert hei mat 1:2 géint Hueschtert. D'Resultat spigelt de Spillverlaf net widder. Et war en Match dee virun allem an der 2. Halschent ganz aarm un occasioune war, an dat op béide Säiten. D'Partie gouf an der 1. Halschent entscheed, wou den RM Hamm déi besser Ekipp war, an doraus och Kapital geschloen huet mam 1:0 vum Arantes. Kuerz drop koum dann déi ë bessen onerward kaal Dusch fir d'Haushären duerch den Dango. Kuerz virun der Paus koum dann den absoluten Highlight vum ganze Match, den Hoffmann huet en Fräistouss op der Mëttellinn op gudd 40-45 Meter an hien knuppt dee Ball esou fest a präzis dass en op d'Lat knallt an era geet. Et hat nach esou ausgesinn als wier et den Dango deen am noschoss verwandelt hät, mee den Ball war schon iwwert der Linn. Dunn an der 2.Halschent gouf et keng nennenswert Aktioune méi ausser déi last-minute Golchance vum Ferro an där glanzparade vum Pleimling. Schlussendlech geet de Match mat 2:1 fir Hueschtert aus.
Fin de partie (1 - 2)
Ee Fräistouss vum Ferro flitt dem Pleimling riicht an d'Ärm. 90+4'
Déi 1. Golchance an der 2. Halschent! De Bah schéckt de Ferro op de Gol, dësen zitt aus spatzem Wénkel of, an forcéiert de Pleimling zu enger wichteger Parade. 90+1'
Bah 87'
84' Dervisevic D.
84' Dango D.
Kuerz freed bei der Lokalformatioun. De Neves huet per Kapp getraff no engem Fräistouss, mee hien war am Abseits. 82'
77' Peters R.
77' Desevic A.
76' Desevic A.
Bah 74'
De Sousa R. 74'
72' Stumpf C.
Gomes E. 69'
Monteiro R. 69'
65' Hamm ass net méi erëm ze erkennen an dëser 2.Halschent. Offensiv Aktiounen goufen et nach net wierklech vill, wann iwwerhaapt. De Mokrani krut och nach kee verwertbare Ball zougespillt an d'absence vum Bertino Cabral ass ze spieren bei Hamm. Hueschtert ass am Moment déi Besser Ekipp.
61' Den Dango ganz no um 3:1! Den agewiesselte Stumpf flankt déif an de Strofraum, wou den Dango net direkt ofzitt, an domat d'Verteideger kuerz oflenkt, mee hien kontrolléiert de Ball an zitt dann of mee säin schoss lant ganz knapp nieft dem Potto.
59' Stumpf D.
59' Yala Lusala B.
55' No deenen éischten 10 Minutten an der 2.Halschent ass keng Ekipp bis elo geféierlech virum Gol opgetaucht.
Ferro P. 54'
Alunni A. 54'
Mi-temps (1 - 2)
Halbzeit um Cents an et steet zimlech iwwerraschend 2:1 zu gonschten vun de Gäscht, déi mam Dango a mam Hoffmann de Ball an de Filet setze konnten. Et ass an deem sënn en iwwerraschend Resultat well et géint de Spillfloss leeft, well den RM Hamm Benfica déi Ekipp ass déi méi Ballbesëtz an méi Occasiounen an dësem Match ze verzeechnen huet.
45+1' Hoffmann E.
WAT EE GOL VUM HOFFMANN! Hien knuppt e Fräistouss op héicht vum Mëttelkrees op d'Lat! An den Ball ass vun der Lat schon iwwert d'Linn gangen, de Gol zielt also fir den Eric Hoffmann. Ee spektakuläre Gol!
44' De Vaz probéiert ee Schoss aus ronn 30 Meter, deen awer zimlech wäit iwwert de Gol flitt.
41' Hoffmann E.
Den Mokrani versicht et mat engem Volley aus hallefrietser Positioun aus 20 Meter, kee Problem fir de Pleimling. 35'
28' Dango D.
Zimlech iwwerraschend huet Hueschtert den ausgläich fonnt. De Steinmetz setzt sech impressionnant iwwer riets duerch, flankt dunn an d'Mëtt a geréit de Potto! De Ball spréngt zeréck an de 5-Meter an do ass et den Dango deen per Kapp ausgläiche kann.
Monteiro R. 26'
Arantes P.
Wat ee Feeler vum Pleimling! No engem Korner vum Mendes war et um hueschterter Golkipp dee Ball festzehalen. Hien gräift awer dolaanscht, an hannert him kann den Arantes fräi an de Gol käppen. 1:0 fir Hamm.
23'
20' Hueschtert deet sech, no engem gudde Start an dës Partie, zimlech schwéier iwwerhaapt Offensiv akzenter ze setzen. Hamm huet d'iwwerhand an dëser Partie iwwerholl.
Hamm gëtt lues a lues méi geféierlech. Flank vum Mendes, säin Ball fënnt den Alunni, deen aus gudd 15 Meter per Volley ofzitt an just ee puer Zentimeter laanscht de Gol schéisst. 12'
No 10 Minutten ass et deen éischten Versuch op säiten vun Hamm. No engem Korner vum Alunni ass et de Kapitän Arantes deen op de Gol käppt, mee dëst ass kee Problem fir de Pleimling am Gol. 10'
5' An dëser Ufanksphas ass Hueschtert déi méi Aktiv Ekipp, si hu méi Ballbesëtz. Eng kloer Golchance konnt sech awer nach keng Ekipp eraus spillen.
Arbittertrio: Wilmes, Ries an Skrijelj.
Trainer: Dan Santos.
Opstellung: 1 Alves - 8 Monteiro - 5 Neves - 17 Andrade - 6 Arantes (C) - 25 Souto - 31 De Souza - 20 Lopes - 16 Alunni - 35 Mendes - 9 Mokrani.
Bänk: 30 Rodriguez - 10 Ferro - 4 Gomes - 22 Correia - 88 Bah.
Trainer: Henri Bossi.
Opstellung: 1 Pleimling - 27 Steinmetz - 21 A.Dervisevic (C) - 4 Hoffmann - 33 C.Stumpf - 22 Vaz - 20 Desevic - 8 Wang - 7 Lahyani - 36 Yala Lusala - 31 Dango.
Bänk: 16 Roulez - 6 Peters - 10 D.Dervisevic - 11 D.Stumpf - 17 A.Sacras.
Schéine gudde Mëtteg vum Cents, wou um 16h00 de Match tëscht der lokalformatioun, dem FC RM Hamm Benfica, an de gäscht, der US Hueschtert ugepaff gëtt, an dat fir de Kont vum 9. Spilldaag an der BGL Ligue. Béid Ekippen haten et bis elo net einfach am Championnat, souwuel Hamm, als och Hueschtert stinn am eestellëgen Beräich wat d'Punkten ugeet, mat 8 respektiv 7 Punkten no 8 Spilldeeg. Dobäi kënnt dass et bei deenen hueschterter souwuel Offensiv, wéi Defensiv, schwaach ausgesäit mat grad emol 8 Goler an enger Goldifferenz vun -13. Bei Hamm mussen se haut op hieren Topscorer, de Bertino Cabral verzichten, deen bis ëwell d'Halschent vun de Goler vun Hamm dës Saison geschoss huet.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé