Mondorf 0 3 Stroossen
Ugepaff ëm 18:00
Fin de partie (0 - 3)
326 Spectateuren hunn d'Keesen passéiert.
90' Am grousse Ganzen wäert dës Victoire fir d'Una an d'Réi goen, si ware schlussendlech méi präzis, couragéiert an haten dësen Owend méi Wëllenskraaft fir déi 3 Punkten mat Heem ze huelen.
87' Vaz Djassi Mustafa T.
87' Kerger K.
An nach eng Kéier den Yao deen et aus ronn 30 Meter probéiert. De Ball touchéiert de Poto. 84'
Do ass e kléngt Liewenszeechen vu Mondorf, de Scanzano spillt den Yao un deen awer selwer um Schon hänke bléiwt. 83'
81' Alverdi S.
81' Lourenco K.
81' Lacour J.
81' Agovic E.
80' Déi 326 Spectateure kréie mëttlerweil nëmmen nach moere Kascht gebueden, dës 3 Punkte gi mat an d'Staat.
79' Agovic E.
Scanzano A. 79'
75' Mondorf léist de Kap hänken nom 3-0 fir Stroossen, dëse Match gëtt am Automatik Modus vun Stroossen kontrolléiert.
Scanzano A. 74'
D'Alessandro F. 74'
71' An déi nächst Chance fir Stroossen, no gudder Virlag vum Jager, bléift de Ruppert um Worre hänken.
66' Jager M.
Dermadder dierft dës Partie gelaf sinn, am 1 géint 1 mam Worre behällt de Jager seng Nerven a vollend gekonnt per "Pichenette" zum 3-0.
62' Mondorf fënnt einfach kee Wee fir geféierlech virun de Stroossener Gol ze kommen, esou gëtt et schwéier de Match ze dréinen.
56' De Jager probéiert et erëm aus der zweeter Réi, de Worre ka nëmmen no vir ewechboxen. Stroossen bléift méi geféierlech.
55' D'Stroossener kontrolléiere momentan d'Spill, si iwwerloossen de Mondorfer zwar gréisstendeels de Ball, eppes zielbares spréngt awer net eraus fir d'Heemequipe.
50' Mondorf spillt eng Grëtz méi offensiv an der zweeter Hallschent waat den Stroossener awer puer Réim zum konteren opmèscht.
Soares C. 46'
Selimovic F. 46'
46' De Ball rullt nees am Stade John Grün.
Mi-temps (0 - 2)
42' Jager M.
De Stroossener Stiermer hällt einfach mol drop, säi Ball gëtt liicht deviéiert a schonn schléit et zum 2-0 am Mondorfer Gol an.
39' Agovic E.
Mondorf kritt de Ball net degagéiert an sou leeft de Ball bei den Ruppert, deen kann de Ball bei den Agovic spëtzelen dee selwer kee Problem huet den 1-0 ze markéieren.
Den D'Alessandro probéiert et aus der zweeter Réi, de Ball geet 3 Meter driwwer. 37'
35' Mondorf a Stroossen neutraliséieren sech gréisstendeels an der Mëtt, déi puer Spectateure kréien nach keen Leckerbëssen presentéiert.
30' Héi trëffen zwou Equipen op enger Aaenhéicht openeen, all Zweekampf gëtt mat der néideger Leidenschaft gefouert. Et feelen just nach d'Golchancë.
22' Eischte cadréierte Schoss vum Match, dem Lacour säi Ball huet awer de gewëssene schmackes gefeelt.
20' Nach kann ech iech keng Golchance presentéieren, d'Intensitéit huet awer zougeluecht.
Semedo A. 18'
D'Haushäre hunn hiren Rhythmus nach net fonnt, si ginn héich vun de Stroossener gepresst. 15'
10' Stroossen huet sech e liicht Iwwergewiicht an der Ufanksphase erausgespillt, si hu momentan méi Ballbesëtz.
5' Béid Equipe sin amgaang sech ofzetaaschten, et soll als éischt mol kee Feeler gemaach ginn.
Dee Match gëtt mat 2 Minutte Verspéidung ugepaff.
Auswiesselspiller: 22 Menster; 6 Vaz Djassi; 2 Alverdi; 18 Lourenco; 8 Huremovic.
Opstellung: 1 Schon; 5 Mondon-Konan (C); 17 Dos Santos; 4 Hoffmann; 21 Kerger; 14 Payal; 10 Agovic E.; 19 Lacour; 9 Delgado; 11 Jager; 7 Ruppert. Coach: Patrick Grettnich.
Auswiesselspiller: 94 Marques; 32 Kalisa; 6 Flohr; 45 Scanzano; 10 Soares.
Opstellung: 1 Worre; 2 Semedo; 21 Thonon; 15 Mutuale (C); 30 Nabli; 13 Haddadji; 80 Marques; 7 Selimovic; 8 Ketlas; 11 Yao; 24 D'Alessandro. Coach: Arno Bonvini.
Den Arbittertrio heescht Pires; Mateus Santos an Mantero
Häerzlech Wëllkomm vu Mondorf Léif Fussballfrënn, an 2 Minutte gëtt de Match hei ugepaff.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé