Fola 2 2 Kanech
Ugepaff ëm 15:30
Fin de partie (2 - 2)
Lacroix K. 90+1'
Kirch M. 90+1'
De Francoise probéiert et aus der zweeter Réi, de Schoss gëtt an de Corner ofgefälscht. 90'
87' Gomes F.
87' Lefranc K.
85' Der Fola bléiwen nach ronn 5 Minutten fir déi 3 Punkten heiheem ze halen. Momentan steet Kanech nach ëmmer zolidd hannendran.
82' No Fräistouss vum Ferro kënnt den Teixeira per Kapp drun, säi Ball fällt awer hannert Lat.
80' Nach 10 Minutten plus Nospillzäit hunn béid Equipe Zäit fir eppes zielbares matzehuelen, dëse Punkt dierft der Fola net duer goen am Meeschterschafts Kampf.
77' Moreira J.
De Muharemovic mat enger präziser Flank op den Hadji, deem säi Kappball geet ëm Zentimeter dolaanscht. 76'
Muharemovic V. 73'
Souto R. 73'
Aus 10 Meter kënnt den Laterza fräi zum Schoss, hien kritt de Ball net cadréiert, do gouf eng gutt Chance verspillt. 72'
70' D'Kanecher kämpfen wéider fir opmannst 1 Punkt mat Heem ze huelen, nach bléiwen den Escher ronn 20 Minutten.
69' Rauen T.
69' Seck B.
Bensi S. 65'
Rodrigues G. 65'
Déi nächst honnertprozenteg fir d'Fola, mee den Hadji kann zweemol aus 5 Meter de Ball net an dem Moreira sengem Gol ënnerbrengen. 62'
Klapp R.
Dem Hadji säin Fräistouss kann de Klapp mam Kapp verwandelen.
61'
58' Kanech spillt wéider muteg no vir an et ass just engem ekzellente Hym ze verdanken dass den Borges net zum 3-1 vollstrecke kann.
54' Mukendi O.
54' Dervisevic A.
50' Ouni Wiessel si béid Equipen aus de Kabinne komm, Fola probéiert de Ball dréinen ze loossen an d'Kanecher laueren op Konter.
46' De Ball rullt erëm um Galgebierg.
Mi-temps (1 - 2)
Dem Dallevedove säi Fräistouss vun hallew-riets kann de Moreira in-extremis entschäerfen. 45+3'
45' Ferro P.
Do iwwerschloen sech d'Aktiounen awer an deenen leschte 5 Minutten, de Ferro kann no Dervisevic Fräistouss de Ball aus 5 Meter verwandelen.
Kirch M. 44'
Hadji S.
De Laterza gëtt am 16 Meter Raum vum Seck geluecht an den Här Sales wéist op de Punkt. Den Hadji verwandelt souverän.
43'
39' Marquart T.
Do schéissen d'Kanecher aus dem Nichts den 1-0, aus gudden 30 Meter schéisst den Marquart e flaache Ball deen ënnen riets am Escher Gol aschléit.
37' D'Fola fënnt kee Wee fir sech virun de Gol ze spillen, d'Kanecher stinn nach ëmmer tiptop am Block virun hirer Ofwier.
31' Kanech ass an deenen leschte Minutte duerch puer Ruppegkeeten opgefall, d'Escher sinn awer och guer net méi am Match.
29' Dervisevic A.
27' Ferro P.
25' Den Dervisevic probéiert et aus der zweeter Réi, säi Schoss huet allerdéngs keng Präzisioun an och keng Kraaft.
20' D'Spiller vu béiden Equipë fanne nach kee Rhythmus am Match, d'Wiederkonditioune droe natierlech net dozou béi.
13' Säit der Frayeur an der drëtter Minutt stinn déi Kanecher kompakt an hirer Hallschent, dat gëtt e Gedoldsspill fir d'Escher.
8' D'Fola ass wéi erwaard déi spillbestëmmend Equipe um Terrain, d'Jeunesse Kanech lauert op Konter.
Do ass déi 1. Chance vum Match, de Gerson ka sech op lénkser Säit duerchsetzen a spillt en héije Ball op de Klapp mee den Fligelstiermer bléift um Moreira hänken. 3'
De Match gouf kmat enger Minutt Verspéidung ugepaff.
Auswiesselspiller: 33 Cabral; 5 Lacroix; 20 Bechtold; 8 Muharemovic; 27 Bensi.
Opstellung: 1 Hym; 23 Laterza; 14 Sacras; 24 Kirch; 11 Francoise; 10 Dallevedove; 25 Souto (C); 26 Klapp; 7 Gerson; 15 Hadji. Coach: Jeff Strasser.
Auswiesselspiller: 23 Flies; 18 Rauen; 14 Borges; 2 Fermal; 9 Mukendi.
Opstellung: 1 Moreira (C); 12 Teixeira; 29 Negi; 30 Semedo; 4 Borges; 6 Nana Kouamou; 21 Dervisevic; 10 Marquart; 26 Seck; 17 Ferro; 11 Lefranc. Coach: Patrick Maurer.
De Match gëtt vum Här Sales geleet mat sengen Assistente Marcos a Silva Pinto.
Häerzlech Wëllkomm vun Esch Léif Fussballfrënn, a ronn 30 Minutte gëtt de Match hei ugepaff.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé