Rouspert 2 2 Progrès Nidderkuer
Ugepaff ëm 17:00
Fin de partie (2 - 2)
90+4' Virun 280 Zuschauer trennen sech Lokalequipe an Gäscht vun Nidderkuer mat engem Remis. Et war e flotten an interessanten Match wou Lokalequipe awer et net fäerdeg bruecht huet de Sack fréizäiteg zouzemaachen. Et ass awer e batteren Réckschlag fir den FC Victoria fir den Klassenerhalt an der BGL Ligue.
90' Ramdedovic D.
Marques K. 89'
Valente R. 89'
87' Thill O.
84' Bors D.
No engem Fehler an der Verteidegung vu Rouspert ass de Bors un de Ball komm an hien huet zum Ausgläich eragesat.
82' Thill O.
Fräistouss vum Olivier Thill vun gutt 20 Meter an de Ball fällt an dem Dücker säin Goal.
Super Eenzelleeschtong vum Gaspar deen op Goal zitt méis hien verzitt säin Schoss. 80'
73' No engem Fräistouss vum O Thill muss de Bürger sech strecken fir de Ball aus sengem laangen Eck an de Corner ze deviéieren.
72' Super Parade vum Dücker no engem Schoss vum Laurent.
71' Et bleiwen dem Progrès nach just 20 Minutten fir hei nach eppes ze reusséieren.
69' Watzka M.
Adams C. 67'
Kasel P. 67'
Schoss vu 40 Meter vum Weirich op de Goal vum Flauss, méis de Ball geet driwwer. De Flauss stoung ze wäit virun sengem Goal. 65'
61' Fiorani A.
61' Mastrangelo T.
Dücker N. 56'
53' Super Wäitschoss vum S Thill an dem Bürger säin Wénkel, awer de Keeper fëscht de Ball aus dem Wénkel.
Valente R.
No engem placéierten Wäitschoss vun 18 Meter vum Valente an dem Keeper säin lénksen Eck huet hien keng Chance un de Ball ze kommen.
51'
49' No enger Virlag vum S Thill zitt de Laurent of méis de Schoss geet laanscht de Goal.
46' Poinsignon V.
46' Bors D.
46' Garos M.
46' Menaï H.
46' De Ball rullt erëm hei zu Rouspert.
Mi-temps (1 - 0)
36' De Soares geet de Ball vu lénks an de Strofraum awer dem Laurent säi Schoss ass net kadréiert. Direkt drop huet de Watza e Schoss iwwert de Goal geschoss.
Schoss vum Karapetian vun 11 Meter an dem Flauss säin kuerzen Eck. De Keeper kann awer de Ball festhalen. 29'
Stramme Schoss vum Karapetian vun der lénkser Säit awer de Ball geet laanscht de Goal. 22'
19' De Laurent zitt eleng op de Goal vum Bürger an de Keeper paréiert säin net placéierte Schoss.
No enger schéiner Virlag vum Karapetian huet hien de Ball op de Kasel ginn méis him säin Schoss war net kadréiert. 18'
No 15 Minutten ass hei just eng Equippe dominéiert an dat ass Lokalequipe. 15'
De Karapetian zitt eleng op de Goal de Flauss paréiert säin Schoss an do Noschoss setzt de Kasel driwwer 9'
Stramme Schoss vum Karapetian deen awer vum Flauss an de Corner deviéiert geet. 5'
Weirich F.
No enger Flank vum Kasel ass de de Ball op de Kapp vum Weirich komm deen ganz eleng a roueg konnt an dem Flauss säin laange Eck erakäppen.
1'
1' De Match hei zu Rouspert ass ugepaff.
1 Flauss 8 Ramdedovic 9 Menaï 10 Watzka 11 Laurent 17 Soares 23 Ferino 28 Garos 29 O.Thill 31 S.Thill 94 Mastrangelo. Ersatzspiller sinn: 7 Poinsignon 20 Bors 5 Bouzid 22 Fiorani ET Machado. Trainer ass de Paulo Amodio.
22 Bürger 3 Dücker 4 Steinbach 8 De Sousa 9 Weirich 11 Gaspar 14 Valente 18 Werdel 20 Kasel 21 Vogel 87 Karapetian. Ersatzspiller sinn: 7 Adams 15 Poloshenko 19 Cardoso 27 Marques ET Vogel D. Trainer ass de René Roller.
E schéine gudde Mëtteg hei vu Rouspert fir den 19 Championnatsmatch wou den FC Victoria Rouspert Gäscht vum Progrès Nidderkuer empfänkt. Di 2 Equippen hunn hiren leeschten Championnatsmatch verluer. Nidderkuer muss punkten fir op der 4 Plaz ze bleiwen an Rouspert muss och gewannen fir nach eng Chance ze hunn fir aus dem Tabellekeller erauszekommen. Op e spannenden Match muss een gespaant sinn. A gutt enger hallwer Stonn wäert hei ugepaff ginn.
Arbitter vum Match ass den Här Wilmes. Assistenten sinn di Hären Jans an Hansen.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé