Käerjeng 1 4 Jeunesse
Ugepaff ëm 16:00
458 Spectateuren hunn de Wee op Käerjeng fonnt.
Fin de partie (1 - 4)
90' Den Här Krueger päift de Match of. D'Escher Jeunesse gewënnt um Enn verdéngt, ma awer bëssen ze héich géint Käerjeng. Ee ganz gutt Resultat fir de Marc Thomé, deen da mat der Jeunesse seng éischt Victoire feiere kann. Mir hunn ee ganz flotte Match gesinn, wou d'Gäscht um Enn einfach méi efficace waren a méi Spillqualitéit opbruecht hunn. Schued fir Käerjeng ass just, dass an där Phase wou si richteg gedréckt hunn an och den 2:1 konnte schéissen, dunn war d'Jeunesse äiskal an hunn den 3:1 direkt dono geschoss wat de Käerjenger d'Genéck gebrach huet. Et war keng schlecht Leeschtung vun der Lokalequipe, déi sech hei net musse schummen. Si hu gekämpft a musse just nach méi efficace ginn an déi lescht Pass un de Mann bréngen, dann ass de Klassenerhalt ganz kloer dran. D'Jeunesse muss dee Schwong vun haut mat an de Rescht vun der Saison huelen, da kënne si mam Marc Thomé op der Trainerbänk sécherlech nach mat ëm déi 4. Plaz spillen. Esch gewënnt also 4:1 géint Käerjeng a réckelt am Klassement no vir op déi 6. Plaz.
88' Gudde Schoss vum agewiesselte Pinna, dës Kéier ass den Ottele awer mat Zäit um Buedem a kann de Ball halen.
83' Deidda A.
82' Soares Rosa B.
82' Soares de Sousa D.
De Soares, de wuel beschte Mann vum Match haut, verléisst ënner Applaus den Terrain.
Dutot A. 80'
Guerenne J. 79'
79' Portier A.
De Portier bréngt kuerz virum Strofraum de Guerenne zum Falen, sou dass dem Här Krueger näischt anescht iwwereg bliwwen ass, wéi dem Portier seng zweet giel Kaart ze weisen, sou dass dee schonn éischter dusche goen duerf.
77' Deidda A.
77' Stumpf P.
76' Pinna G.
Net méi ewéi 3 Minutte war de Pinna um Terrain wéi hien de 4. Goal vun der Jeunesse konnt markéieren. No enger wäiter Pass op de Pinna kënnt hie mat 2 Crochet'en laanscht zwee Defenseuren a schéisst de Ball an de laangen Eck.
74' Pinna G.
74' Kyereh F.
Hodzic A. 73'
Teixeira S. 73'
Dublin Y. 73'
Barbosa M. 73'
70' 3 Minutten nom 3:1 vun der Jeunesse, weist Käerjeng sech wéineg beandrockt an dréckt op ee weider Goal. Wann een de Käerjenger haut villes ka reprochéieren dann op alle Fall net, dass se net kämpfe, well mir gesi ganz grousse Sportsgeescht bei der Lokalequipe.
67' Soares de Sousa D.
Wat fir eng Reaktioun vun den Escher. De Corral konnt sech super iwwer d'Säit duerchsetzen. De jonken Escher huet eng schéi Pass an d'Mëtt op de Soares gespillt, deen de Ball gutt unhellt, nach ee Crochet mëscht an dem Ottele am Goal keng Chance léisst.
Alunni A.
Käerjeng déi elo hei ferme gedréckt hunn, kënnen op 2:1 verkierzen. Eng Pass vum Cassan iwwer d'Defense vun der Jeunesse kann den Alunni verwerten.
66'
Do ass de Ball dann hannert dem Franky Devas am Goal gelant, mee den Här Krueger huet op Abseits entscheet. Et war eng Decisioun déi op mannst fragwürdeg war, well vun hei aus huet et ausgesinn wéi wann et eng Pass vum Barbosa no hanne gewiescht wier op de Guerenne, deen de Ball du konnt eraschéissen. 61'
60' Eng Stonn ass gespillt a Käerjeng probéiert weider hei erëm an de Match ze kommen. D'Jeunesse ass net méi ganz sou geféierlech elo, well Käerjeng elo alles no vir geheit.
De Guerenne huet de Ball opgeluecht fir de Cassan, ma de Schoss war ze onplacéiert fir den Devas ze iwwerwannen. Ma direkt dono huet de Barbosa et mat engem Opsetzer probéiert mee och hei war den Devas op der Plaz fir de Ball ze halen. 58'
Marcolino Rodrigues J. 52'
50' Erëm ass et de Stumpf dee geféierlech virum Ottele sengem Goal optaucht. No engem Mëssverständnes an der Defense kënnt d'Pass vum Soares awer nach beim Stumpf un, deen an de Ball rutscht. De Ball ass laanscht de Goal gaangen. Den Escher Buteur ass och leie bliwwen, konnt no enger kuerzer Behandlung awer weider spillen.
47' D'Jeunesse reagéiert direkt. De Lapierre huet de Stumpf an d'Déiwt geschéckt, ma den Ottele ass gutt erauskomm a konnt de Ball paréieren.
Direkt no der Paus ass et Käerjeng déi a Persoun vum Kapitän Pit Hess eng éischt Chance verzeechne kënnen. Dem Hess säi Schoss konnt a leschter Sekonn nach geblockt ginn. 46'
Mi-temps (0 - 2)
45' Den Här Krueger schéckt béid Formatiounen an d'Paus, dat beim Stand vun 2:0 fir d'Escher Jeunesse. No 45 Minutte kann ee soen, dass d'Jeunesse einfach no vir méi efficace ass an och zu richtege Goalchancë kennt. Dat ass de Problem op Säite vu Käerjeng. D'Equipe vum Trainer Dan Theis ass engagéiert mee déi lescht Präzisioun feelt nach fir zu enger uerdentlecher Goalchance ze kommen. Mir kënne gespaant sinn, ewéi sech dëse Match an den zweete 45 Minutten wäert entwéckelen.
43' Kyereh F.
Marcolino Rodrigues J. 40'
Ewert N. 40'
Cassan O. 38'
32' Portier A.
31' Bei engem Fräistouss vum Cassan, weist den Devas am kleng Schwächt a léisst de Ball ofpralle, ma een Defenseur kann de Ball degagéieren.
30' No enger hallwer Stonn leit d'Jeunesse mat zwee Goaler am Avantage. Dat well d'Jeunesse haut immens efficace ass. Déi éischt zwou Goalchance waren dobannen. Käerjeng gëtt sech awer net op a probéiert vill.
26' No engem Aworf kënnt de Ball bei den Todorovic, deen direkt schéisst, mee de Ball geet laanscht de Goal.
23' Soares de Sousa D.
Den zweete Schoss vun der Jeunesse setzt och. Den 2:0 war ee richteg flotte Goal. De Lapierre gouf iwwer d'Säit geschéckt an huet de Ball schaarf an d'Mëtt ginn, wou de Soares de Ball ënnert d'Laat geschoss huet, keng Chance fir den Ottele am Käerjenger Goal.
Schlechte Schoss vum Cassan, deen de Ball ronn 20 Meter virum Goal krut. De Käerjenger hat Zäit a Plaz, ma säi Schoss ze schwaach. 21'
Gutt Aktioun vu Käerjeng. Et war ee schéine Säitewiessel op de Guerenne, dee vill Plaz hat, ma den Devas am Goal huet gutt reagéiert a konnt de Ball paréieren. 18'
Den Alexis Dutot huet no engem Corner vum Alunni de Ball nieft de Goal geschoss. 13'
10' 10 Minutte si gespillt an d'Jeunesse féiert mat 1 zu 0. Vun de Käerjenger war bis op eng Kombinatioun tëscht dem Alunni an dem Cassan net vill ze gesinn, mee et kann ee net soen, dass se näischt probéiere well se sinn méi um Ball a probéiere schnell no vir ze spillen.
8' Soares de Sousa D.
De Soares kritt Giel no enger Schwalb am Käerjenger Strofraum.
3' Kyereh F.
Do ass no nëmmen dräi Minutten den éischte Goal. Et war de Kyereh, deen de Ball um 16 Meter kritt huet, deen de jonken Ottele am Goal äiskal erwëscht huet. De Kyereh huet de Ball hallef ënnert d'Laat gelupft an den Ottele stoung ee Stéck ze wäit virum Goal, sou dass en de Ball net méi entscheedend ofwiere konnt. 1:0 fir d'Jeunesse Esch.
Opstellung: Ottele Tom - Ewert Noé - Dutot Alexis - Fernandes Nicolas - Hess Pit - Dublin Yannis - Benhamza Nabil - Cassan Olivier - Guerenne Julien - Barbosa Michael - Alunni Alessandro 1'
1' Opstellung: Devas Franky - Martins Marvin - Delgado Ricardo - Portier Adrien - Lapierre Emmanuel - Todorovic Milos - Kühne Johannes - Soares David - Corral Ken - Stumpf Patrick - Kyereh Frederick
1' De Match gëtt geleet vum Här Krueger Alex an hie gëtt assistéiert vun den Hären Da Silva a Fernandes.
1' Ee schéine gudde Mëtteg vu Käerjeng. D'Gäscht kommen haut vun Esch. D'Jeunesse, mam neien Trainer Marc Thomé, wëllen hir éischt Victoire ënnert dem Thomé feieren. Käerjeng well natierlech och gewannen. Mat enger Victoire kéinten déi Käerjenger bis op déi 10 Plaz am Klassement no vir kommen. Mir erwaarden ee spannende Match.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé