Rodange 1 1 Rouspert
Ugepaff ëm 16:00
200 Zuschauer zu Rodange fir de Match ze kucken.
Fin de partie (1 - 1)
90+2' De Match ass gelaf zu Rodange an Schlussresultat ass 1:1. D'Resultat ass ganz ok, wann een de ganzen Match kuckt. Béid Ekippen hunn net méi verdéngt wéi een Punkt. Rodange hat eng staark Ufanksphase am Match an huet lues an lues nogelooss. Rouspert ass duerno no 25 bis 30 Minutte an de Match komm an waren op Konter ganz geféierlech. Zum Schluss een Punkt fir jiddereen, deen weder déi eng nach déi aner arrangéiert, béid Ekippen brauchen sou vill wéi méiglech Punkten fir den Ofstig evitéieren. Schéinen Weekend gewënscht. Kevin
89' Excellent paréiert vum Golkipper vu Rouspert, deen en excellenten Konter vun Rodange gekläert kritt. Excellent Partie vum Golkipper vun Rouspert, deen menger Meenung no, den beschten Spiller am Match war.
88' Zwou Minutte sinn nach ze spillen an Rouspert ass déi kloer besser Ekipp an dësen leschten Minutten. Si setzen alles no fir, an probéieren den zweeten ze schéissen.
Monteiro Domingos L. 85'
Hornuss J. 85'
84' Oppenen Match hei zu Rodange an dëser Schlussphase. Nom Ausgläich vun Rouspert, setzen béid Ekippen alles no fir. Dat kann natierlech och an Box goen.
Tape Bade G. 82'
Diakhaby L. 80'
80' Weirich F.
Gol fir Rouspert duerch den Weirich. What a Goal. Excellent gespillt vun deenen Rousperter. Ball an de Laf op den Weirich deen ouni z'iwwerleeën op de Gol schéisst an dem Golkipper vun Rodange keng Chance gëtt.
Korac S. 79'
77' Kurz D.
75' Kurz D.
75' Hartmann T.
Rodange ass verdéngt fir. Déi Féierung ass verdéngt, well déi Rodanger sinn och déi Ekipp déi am meeschten Chancen an dëser zweeter Halschent hunn. Elo grad virun e puer Sekonnen, hat den Hornuss eng Flank direkt op de Gol bruecht, an de Golkipper huet de Ball mat enger Glanz Parade gehalen. 73'
71' Marques K.
71' Brandenburger E.
Korac S. 70'
De Sousa Neves M. 70'
Makasso J. 68'
Menai H.
Gol fir Rodange duerch den Menai. Flank op den Eelefmeterpunkt vum De Sousa Marco, den Verteideger vu Rouspert, Feltes Gilles rennt laanscht de Ball an de Menai zitt direkt of, fir den 1:0 ze markéieren.
66'
65' Vill Feeler an dëser Partie. Den Arbitter huet vill ze dinn.
63' Dücker N.
61' Rodange hat den 1:0 kloer do léien. Excellent Flank an de Strofraum, wou den De Sousa Marco de Ball op Broscht kritt, an eleng virum Gol kritt en de Ball net kontrolléiert.
58' Sou lues berouegt sech d'Spill an Rouspert ass déi Ekipp déi de Moment dominéiert.
56' Animéiert Partie an der zweeter Halschent mat béiden Ekippen déi de Ball ganz gutt lafen loossen, an et kennt zu Golchancen op béiden Goler. Déi lescht Golchance fir Rouspert duerch eng excellent Pass an de Laf op de Weirich deen d Ball op den Eelefmeterpunkt bréngt, den Golkipper geet awer dotëscht.
Rodange ass gutt an des zweet Halschent komm. Ball op den Boulafhari, deen gëtt de Ball op den Eelefmeterpunkt eran, an do steet den Stiermer vu Rodange deen de Ball knapp iwwert de Gol käppt. 53'
UHHH do hunn puer Zentimeter gefeelt fir den 1:0 fir Rodange. Den Menai schéisst op de Gol an den Golkipper vu Rouspert kritt de Ball gekläert. De Ball fält awer op den Hornuss deen op de Gol schéisst an de Ball kritt de Golkipper ze packen an geet op de Poto. 50'
48' De Match leeft nees, an no 3 Minutte ass an dëser Partie nach näischt geschitt, bis op puer Bällverloschter vun béiden Ekippen.
46' De Ball rullt nees zu Rodange.
Mi-temps (0 - 0)
45+2' Interessant éischt Halschent, d'Resultat ass zwar nach wéi am Ufank, 0:0, mee béid Ekippen haten puer Chancen fir a Féierung ze sinn. Rodange war besser an der Match komm, an huet héich gedréckt fir de Ball sou héich wéi et geet ze recuperéieren, duerno no ronn 25 Minutte war Rouspert dann och nees am Match, an se waren direkt puer Mol geféierlech duerch den Weirich an den Jeff Lascak. Et steet also nach 0:0 an der Paus, an mir loossen ons mol iwwerraschen an der zweeter Halschent.
45' Staark gespillt vu Rodange déi en Aus schnell ausféieren, de Spiller vu Rodange leet de Ball op den 16 Meter zeréck an do zitt de Stiermer vu Rodange of, mee de Golkipper vun Rouspert stoung gutt an sengem Gol.
43' Werdel P.
42' Déi laang Bäll vun Rouspert ginn lues a lues méi geféierlech. Rodange wackelt hannen, an den Weirich an den Jeff ginn ëmmer méi geféierlech.
41' Brandenburger E.
38' De Match huet sech e bëssen berouegt. Béid Ekippen probéieren nees d'Spill ze calméieren an net sou häckteg ze spillen.
35' An nees waren béid Spiller vu Rouspert am Coup, des Kéier war et awer eng kloer Golchance, si stoungen nämlech zu dräi Rousperter Spiller virum Gol, mee zweemol war déi Rodanger Verteidegung am Wee an hunn de Ball an den Corner gekläert.
Ramdedovic H. 33'
32' Éischt Golchance fir Rouspert an dëser Partie. Schéint Zesummespill tëscht dem Lascak an dem Weirich, deen op de Gol schéisst an de Golkipper vu Rodange de Ball gutt gekläert kritt.
29' Et ass ee Match mat villen Ënnerbriechungen sief et duerch déi villen Feeler déi stattfannen oder eben duerch Spiller déi verletzt sinn oder eben eppes wéi hunn.
26' Rouspert ass nees am Match. Si hunn elo d'Soen am Match an probéieren den éischten Gol ze markéieren. Si spillen vill héich Bäll iwwert déi Rodanger Verteidegung, déi de Moment näischt bréngen.
23' Hartmann T.
Gutt Golchance fir Rodange duerch den Tapé deen de Ball gespillt kritt an vun ronn 16 Meter de Ball laanscht de Poto setzt. 21'
19' Et leeft net vill am Match an dëser Ufanksphas. Béid Ekippen spillen vill an der Mëtt vum Terrain, mee keng Ekipp kennt an den 16 Meter eran.
Rodange huet bëssen noginn mam héijen Pressing, an déi Rousperter kennen lues an lues méi an d'Spill kommen. 16'
14' Den Golkipper vu Rodange huet senger Ekipp schéin Angscht gemaach nodeems en mam Ball um Fouss aus dem Gol gelaf kennt, an de Ball lant bal um Rousperter Stiermer sengem Fouss. Den Arbitter huet glécklecherweis fir Rodange Fräistouss gepaff.
Rodange ass vill besser am Match wéi Rouspert. Si hunn méi de Ball an ginn och méi geféierlech wéi Géigner. 11'
Schéin Aktioun vu Rodange déi de Ball vun hannen no fir bréngen mat wéineg Passen an dunn schéisst den Diakhaby knapp iwwert de Gol. 8'
6' Vill technesch Feeler beim Spillopbau vun béid Ekippen. Rouspert huet sou lues an lues eraus fonnt wéi se sech vun deem Drock befreien kennen, kommen awer net richteg zum propperen Opbau.
Rodange dréckt déi Rousperter ganz héich an duerch deen enormen Drock vun de Rodanger verléieren d'Spiller vu Rouspert direkt de Ball, respektiv mussen de Ball an den Aus schéissen. 3'
1' De Ball rullt zu Rodange.
Geleet gëtt de Match vum Här Kopriwa Laurent, assistéiert vum Becker Gilles an den Här Jans Charel.
Opstellung vu Rodange: Goedert Daniel, Planel Jean-Baptiste, Ramdedovic Henid, Dog Samuel, Diakhaby Lassana, Tape Guy Roland, Makasso Jean-Paul, Boulahfari Rachid, De Sousa Marco, Hornuss Julien, Menai Hakim Op der Bänk: Bahovic Aldin, Korac Seid, Monteiro Leonel, El Guerrab Ayoub, Silva Machado Ricardo
Opstellung vu Rouspert: Buerger Niklas, Duecker Nicolas, Feltes Gilles, Heinz Timo, Bartsch Daniel, Weirich Florian, Gaspar Gabriel, Hartmann Tim, Werdel Philippe, Lascak Jeff, Brandenburger Eric Op der Bänk: Malheiro Joao Carlos, Becker Sven, Kurz Daniel, Marques Kevin, Vogel Dylan
Häerzlech wëllkomm fir dësen 22ten Spilldag vun der BGL Ligue, wou Rouspert zu Gaascht zu Rodange ass. Et ass en immens wichtegen Match fir béid Ekippen am Kampf géint den Ofstig. Rodange steet ee Punkt virun Rouspert op der Tabell, an mussen de Moment de Barragematch spillen. Rouspert kennt aus enger gudder Dynamik, mat véier Punkten vu sechs, an well de Match onbedéngt wannen fir laanscht Rodange, an deemno wéi och laanscht Stroossen ze kommen. Rodange muss no der batterer Néierlag an der Coupe, ëmschalten an d'BGL. D’Lokalekipp well natierlech déi dräi Punkten doheem halen, an Rouspert op véier Punkten hannendrun ze loossen. Et gëtt mat Sécherheet e spannenden Match, wou béid Ekippen an den éischten Minutten wahrscheinlech sech Situatioun mol wäerten ukucken an no puer Minutten eréischt Offensive no fir schalten. Mir hoffen vill Goler ze gesinn an en schéinen an fairen Match. Fir iech um Match ass et de Kevin.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé