Déifferdeng03 0 2 Union Titus Pétange
Ugepaff ëm 16:00
512 Spectateuren hunn de Wee op Uewerkuer fonnt.
Fin de partie (0 - 2)
90+5' Den Här Rodrigues päifft de Match zu Uewerkuer of. Zum Schluss ass et de Gaascht aus Péiteng, deen di dräi Punkte mat Heem hëllt. Déifferdeng hätt mat enger gudder zweeter Hallschent op mannst ee Punkt verdéngt gehaat, huet sech awer net mat engem Gol belount. Zum Schluss konnt den Esch de Match mam iwwerraschenden 2-0 entscheeden a sou muss Déifferdeng e Réckschlag am Kampf ëm d'international Plazen astiechen.
87' Dat misst normalerweis d'Entscheedung gewiescht sinn. D'Gäscht loossen elo näischt méi ubrennen
86' Esch D.
Den Esch setzt sech am Mëttelfeld duerch, a kann no enger une-deux den 2-0 aus ronn 15 Meter markéieren. Do huet de Worre net gutt ausgesinn, och well de Ball immens lues iwwert de Buedem komm ass.
Rodrigues De Almeida A. 83'
81' Ribeiro F.
80' Péiteng no laanger Zäit nees mat engem Ofschloss. Dem Esch säi Schoss stellt awer keng Problemer fir de Worre.
78' Banza S.
78' Dzanic S.
75' D'Gäscht kënnen sech nees ebësse befräien a sou kommen d'Déifferdenger net méi sou oft virun de Gol. Et bleift weiderhin bei der knapper 1-0 Féierung.
71' Duque T.
67' Esch D.
67' Avdusinovic K.
66' Péiteng kënnt hannen net méi zur Rou. D'Haushäre drécken op den 1-1. Wann et sou weider geet dauert et net méi laang bis zum Ausgläich.
60' Déifferdeng ass bis elo di besser Ekipp an der zweeter Hallschent. Péiteng fënnt de Wee net méi no vir a léisst méi zou wéi an den éischte 45 Minutten.
Bettmer G. 55'
Rodrigues De Almeida A. 55'
Almeida G. 55'
Yéyé J. 55'
Hamzaoui M. 55'
Siebenaler T. 55'
D'Flank vum Yeye geet op den Hamzaoui, deen um zweete Potto steet an de Ball awer laanscht de Gol käppt. 54'
Eng wäit Pass no vir fënnt de Perez deem säi Schoss awer net fest genuch ass. De Chopin am Gol huet net all ze vill Problemer de Ball festzehaalen. 51'
46' Péiteng presst direkt a gewënnt och de Ball. Dem Bojic säi Schoss aus der Distanz gëtt awer vum Worre paréiert.
46' Den Här Rodrigues gëtt de Ball zur zweeter Hallschent fräi.
Mi-temps (0 - 1)
45+5' Paus zu Uewerkuer. An der Ufanksphase hat Déifferdeng grouss Problemer an de Match ze kommen. Dat huet Péiteng ausgenotzt a féiert soumat och verdéngt mat engem Gol an der Paus. Kuerz virum Schluss vum éischten Duerchgang hunn d'Haushäre sou lues ugefaang sech weider Chancen erauszespillen. No der Paus gëllt et do weider ze maachen fir haut hei net ze verléieren.
45+4' Dzanic S.
Jänisch M. 45'
Déifferdeng mat der beschter Méiglechkeet bis elo. De Ribeiro kéint selwer aus 16 Meter ofschléissen, spillt de Ball awer riwwer op de Jänisch, dee vun der Säit awer wäit laanscht de Gol schéisst. 39'
36' Gashi E.
36' Zinga Casemiro G.
De Zinga muss verletzt ausgewiesselt ginn.
25' Den Arbitter ënnerbrécht de Match fir eng kuerz Drénkpaus.
23' E schéin ausgespillte Konter gëtt nom Schoss vum Dzanic awer vum Worre paréiert. Déifferdeng huet Problemer an de Match ze fannen.
18' Di nächst Geleeënheet fir de Gaascht. E Corner geet op den zweete Potto, wou den Avdusinovic, deen alléng steet, awer knapps net un de Ball kennt.
17' Skenderovic D.
E Fräistouss vun der Säit geet an de Réckraum vum Strofraum, woumat Déifferdeng net gerechent huet. De Schoss deen eigentlech lues geschoss ass kennt mat Emweeër bei de Skenderovic, deen de Ball aus fënnef Meter hannert d'Linn drécke kann.
15' Et ass en ausgeglachene Match zu Uewerkuer, bis elo ginn et nach ze vill Ongenauegkeeten déi d'Golchance verhënneren.
9' Op der anerer Säit ass et de Basic mam éischte Schoss, deen aus ronn 20 Meter just iwwert de Gol geet.
De Siebenaler mat der éischter Aktioun. Säi Schoss aus kuerzer Distanz geet no engem Fräistouss knapps iwwert de Gol. Ma den Déifferdenger Verteideger stoung am Abseits. 5'
1' De Ball rullt zu Uewerkuer.
Geleet gëtt de Match vum Här Rodrigues, assistéiert vun den Häre Schmitz a Viano.
Auswiesselspiller: 5 Bjelic - 45 Vitali - 95 Esch - 19 Banza - 20 Gashi
Auswiesselspiller: 30 Weber - 12 Fleurival - 77 Almeida - 4 Rodrigues - 20 Bettmer
Opstellung: 30 Chopin - 66 Avdusinovic - 10 Schreiner - 44 Skenderovic - 27 Zinga - 9 Dzanic - 87 Ribeiro - 14 Bojic - 94 Basic- 7 Handzic - 25 Duque
Opstellung: 1 Worre - 21 Jänisch - 5 Siebenaler - 19 Vandenbroeck -25 Franzoni - 27 Holter - 28 Hamzaoui - 8 Ribeiro - 9 Perez - 7 Bastos - 10 Yeye
Gudde Mëtteg vun Uewerkuer wou haut den FC Déifferdeng an d'Union Titus Péiteng openeentreffen. D'Gäscht aus Péiteng mussen oppasse fir net awer nach an Ofstigsgefor ze geroden, eng Victoire haut kéint d'Saison awer schon ofsécheren. Fir d'Haushäre vun Déifferdeng geet et dogéint nach ëm d'international Plazen. Och wann d'Méiglechkeet fir de Wee an d'Europa League nach an der Coupe besteet, kéint een sech mat just dräi Punkte Réckstand op di drëtt Plaz iwwert de Championnat an d'Qualifikatioun bréngen.
But    But contre son camp    Entrée   
Carton jaune    Carton rouge    Sortie   
But sur penalty    Penalty manqué    Carton Jaune/Rouge   
Blessé