HandballNationaltrainer Adrian Stot gëtt duerch Maik Handschke ersat

No ronn 10 Joer ënnert dem Adrian Stot, kréien d'FLH-Hären elo en neie Mann op d'Bänk. De Stot bleift awer am Jugendberäich aktiv.

© Serge Olmo / RTL Sport

D'Handballfederatioun huet e Mëttwoch den Owend hire "Season Opening", wou d'Equippen der Press presentéiert ginn.

Adrian Stot gëtt ersat/Reportage Franky Hippert

D'Haaptnouvelle ass awer ganz kloer, datt de Nationaltrainer Adrian Stot no ronn 10 Joer op der Trainerbänk op deem Posten vum Maik Handschke, dem aktuelle sportlechen Direkter vun der Federatioun, ersat wäert ginn. Den Däitschen Ex-Profispiller soll dee Posten elo emol als Iwwergangsléisung iwwerhuelen. Den Adrian Stot bleift bei der Federatioun an ass elo am Jugendberäich aktiv.

Am Kader vum "Season Opening" gouf dann nach den MVP vum leschte Joer gewielt. Bei den Hären ass dee Präis un de Martin Muller vum HB Esch gaangen, bei den Dammen un d'Tanja Nykytenko vum HB Museldall.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.