VIDEO: LUNEXColloque iwwer medezinesch an Trainingsaspekter am Handball

D'Lëtzebuerger Handballfederatioun an d'Académie Luxembourgeoise de Médecine de Kinésithérapie et des Sciences du Sport haten Experten invitéiert.

Colloque iwwer medezinesch an Trainingsaspekter am Handball (16.09.2017)
D'Lëtzebuerger Handballfederatioun an d'Académie Luxembourgeoise de Médecine de Kinésithérapie et des Sciences du Sport haten Experten an d'LUNEX invitéiert.
Am Gebai vun der LUNEX, der Lëtzebuerger Sportuni zu Déifferdeng, gouf um Samschdeg e Colloque ofgehale iwwer medezinesch Aspekter an Trainingsaspekter am Handball.

Iwwerall wou a Kollektivsportaarten duerch Lafen, Sprangen a Werfen de Beweegungsapparat gestresst gëtt, gehéiere Verletzungen derzou. An eise Géigende sinn d'Sportaarten Football, Basketball an Handball Beispiller dofir.

Wa Schanken ënnert extreme Belaaschtungen net méi vum Muskel a vum Sehnenapparat gehale sinn, da kraacht et, a Sehnen oder Schanke si méiglecherweis futti gaangen. Dat huet fir d'Sportler awer och fir d'Gesellschaft Konsequenzen.

Fir Trainer, Verantwortlecher, Sportler an Acteuren aus dem medezinesche Beräich ze informéieren an ze motivéieren ass de Colloque zu Déifferdeng organiséiert ginn. Auslännesch Experten a Lëtzebuerger Kapazitéiten hu vermëttelt, dass Preventioun an uerdentlech Soinen bluttnoutwenneg sinn.

Bei deem Volume vu Sportblessuren kënnt d'Gesellschaft net derlaanscht, verstäerkt an déi motoresch Grondausbildung vun de Kanner ze investéieren, awer och an d'Ausbildung vun den Trainer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.