Handball-CoupePéiteng klappt Dikrech

E Samschdeg den Owend sinn am Handball bei den Hären d'Aachtelsfinalle vun der Coupe gespillt ginn.

Am eenzegen Duell tëscht Veräiner aus der héchster Divisioun huet Péiteng de CHEV Dikrech mat 24-21 geklappt.

Käerjeng huet Rëmeleng ganz héich an zwar mat 58-23 eliminéiert.

Diddeleng war Réiden mat 38-24 iwwerleeën a Schëffleng huet sech mat 39-20 um Standard qualifizéiert.

E Sonndeg de Mëtteg ass am Handball souwuel bei den Damme wéi bei den Hären d'Supercoupe zu Uewerkuer an der Hal.

Bei den Damme spillt den HB Museldall géint den HB Diddeleng; dat vu 15.30 Auere un. An um 17.30 Auer ass et bei den Hären den Duell Handball Esch géint Bierchem.