Handball-NationalequipeSacha Pulli nees mat dobäi, Dany Scholten net am Kader

Am Hären-Handball huet den neien Nationaltrainer Maik Handschke um Samschdeg säin 1. Kader fir déi nächst international Matcher bekannt ginn.

© pressphoto (Archiv)
De Sacha Pulli ass nees dobäi, grad wéi d'Ofwierspezialisten Tommaso Cosanti an Tom Quintus an de Pivot Julien Kohn. Den Dany Scholten ass dogéint net am Kader.

E Freideg war de Sacha Pulli Invité an der Emissioun Radio Sport-Club. Hei huet den Handballer iwwert déi nei Saison geschwat an och iwwert d'Nationalequipe.

LINK: De Radio Sport-Club mam Sacha Pulli



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.