HandballEsch ka Match zu Bierchem dréinen

D'Red Boys hat keng Problemer zu Dikrech, Diddeleng wënnt géint Schëffleng a Käerjeng huet d'Punkte géint d'Péiteng doheem gehalen.

© Serge Olmo / RTL Sport
Um 19 Auer gouf zu Käerjeng den éischte Match vun dëser Saison bei den Hären ugepaff. Hei konnt sech de Favorit mat 30:14 géint den HB Péiteng duerchsetzen. Schëffleng verléiert doheem mat 22:33 géint Diddeleng, an d'Red Boys wannen 37:20 zu Dikrech. Bierchem verléiert 25:30 géint Esch, dat nodeem d'Heemequipe nach 21:17 no 40 Minutten am
Avantage war.

© Gilles Tricca / RTL Sport


Bei den Damme klappt de Museldall de Standard mat 31-24, Schëffleng verléiert doheem 17-29 géint den HB Diddeleng an déi Dikrecher loossen den Damme vun de Red Boys mat 31-13 keng Chance.

Link: D'Resultater am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.