DammenhandballKäerjeng a Schëffleng mat Victoiren

Um Sonndeg waren zwou Partien am nationalen Handballchampionnat bei den Dammen.

D'Red Boys-Damme krute Besuch vum HBC Schëffleng. Bis zur Paus konnt d'Lokalequipe gutt mathale mat de Schëfflenger Dammen. An der Paus stoung et 10:10. Ma nom Säitewiessel huet Schëffleng d'Kontroll iwwerholl a si ware virun allem an der Offensiv ee gutt Stéck méi konsequent ewéi et nach an der éischter Hallschent de Fall war. D'Ana-Luisa Monteiro Goncalves krute si dunn och besser an de Grëff, d'Spillerin vun de Red Boys an der éischter Hallschent ganzer 5 Goaler konnte markéieren. An der zweeter Hallschent war et nëmme méi ee Goal, deen op hire Kont gaangen ass. Um Enn ass et eng kloer 24 op 17 Victoire fir Schëffleng.

An der zweeter Partie tëscht dem Standard a Käerjeng war de Favorit kloer, nämlech d'Damme vu Käerjeng. D'Gäscht konnte sech dann och schonns no 10 Minutten eng komfortabel 8:3 Avance erausspillen. An der Paus stoung et 18:12. D'Liewensversécherung vun den Dammen vum HC Standard war d'Eva Dominiak mat 7 Goaler an der éischter Hallschent. An den zweeten 30 Minutten hunn d'Käerjenger Dammen net nogelooss an hir Féierung behalen. Kuerz viru Schluss konnt de Standard nach eng Kéier op 4 Goaler erukommen, ma Käerjeng huet sech dës Victoire net méi huele gelooss a setzt sech mat 31:27 duerch.

Um Samschdeg war schonns d'Partie tëscht dem HB Diddeleng an dem CHEV Dikrech. Hei gouf et eng knapp 20 op 18 Victoire fir d'Gäscht vun Dikrech, déi mat 2 Victoiren aus zwee Matcher domat un der Tabellespëtzt stinn. De Champion aus dem Museldall war spillfräi.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.