Handball-ChampionnatBierchem klappt Diddeleng, Esch elo eleng Leader

Um Samschdeg war den 3. Spilldag am Handball-Championnat, gespillt gouf bei den Dammen a bei den Hären.

Bei den Damme war den Tabelleleader CHEV Dikrech spillfräi. Bei den Hären ass um Sonndeg nach d'Partie tëscht dem CHEV Dikrech an dem HB Péiteng. D'Partie vu Käerjeng géint d'Red Boys ass op Grond vum EHF Cup verluecht ginn.

Hären
HC Bierchem - HB Diddeleng 31:25

De Bessere Start haten déi Diddelenger erwëscht, well si haten no enger Véierelsstonn schonns ee Virsprong vu 4 Goaler, dat beim Stand vun 8 zu 4 aus Siicht vum HBD. An der Paus hate si nach ee Virsprong vun dräi Goaler. Mat 14 op 11 louche si an der Paus vir. Nom Säitewiessel huet Bierchem sech awer lues a lues nees an de Match gekämpft an d'Partie war ganz spannend bis zum 23:23, dat well dono bal nëmmen nach déi Bierchemer gespillt hunn. Um Enn wanne si kloer mat 31 zu 25 géint Diddeleng. An der zweeter Hallschent waren déi Diddelenger einfach net méi op der Héicht.

HBC Schëffleng - HB Esch 22:27

Déi Escher hunn de Match vun Ufank un eigentlech kontrolléiert. Si louche permanent vir an hunn och Näischt méi ubrenne gelooss bis zum Enn vun der Partie, déi si mat 27 op 22 fir sech entscheeden. Beschte Buteur bei Esch war mat 6 Goaler den Tom Krier. Esch steet domat elo eleng un der Tabellespëtzt, allerdéngs kéinten d'Red Boys nach gläichzéien.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
HB Käerjeng - Red Boys 37:13

D'Käerjenger Damme sinn als Favorit an d'Partie gaangen an dëser Roll si si och nokomm. Schonns an der Paus war et eng ganz kloer 15 op 7 Féierung fir d'Lokalequipe. D'Jennifer Zuk, d'Semina Radoncic an d'Poenar-Leordean hunn de Gäscht d'Liewe schwéier gemaach. An der zweeter Hallschent ass et dunn nach méi déck komm fir d'Gäscht. D'Red Boys krute kee Fouss méi op de Buedem an hu sech um Enn mat 37 op 13 misse geschloe ginn. Ganz kloer Victoire fir d'Käerjenger Dammen, déi virun allem an der zweeter Hallschent hei méi ewéi iwwerzeegt hunn.

Museldall - HB Diddeleng 14:22

Den amtéierende Champion a Coupe-Gewënner huet sech schwéier gedoe géint d'Damme vun Diddeleng. Diddeleng konnt sech séier eng 6:2 Féierung erspillen. D'Damme vun der Musel konnten dunn op 5:7 verkierzen, ma dat sollt dee leschte Goal an der éischter Hallschent bleiwen vum amtéierende Champion. Zur Paus war et een 12 zu 5 Avantage fir Diddeleng. Och an der zweeter Hallschent konnt de Museldall sech net méi zeréckkämpfen, esou dass si um Enn mat 14 op 22 géint Diddeleng verléieren.

HBC Schëffleng - Standard 23:30

Eng ganz spannend éischt Hallschent gouf et zu Schëffleng. D'Lokalequipe huet sech schwéier gedoen a louch zur Paus mat 12 op 14 hannen. An der zweeter Hallschent konnt de Standard sech dunn awer direkt ofsetzen an um Enn wanne si kloer mat 30 op 23 zu Schëffleng.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.