Europäeschen Challenge CupKäerjeng een Tour weider, Red Boys wanne géint Kaunas

Um Samschdeg hunn d'Red Boys a Käerjeng am europäeschen Challenge Cup gespillt.

© Gilles Tricca
Käerjeng krut et nees mat den Ukrainer vun Donetsk ze dinn. Den Allersmatch e Freideg konnten déi Käerjenger mat 32 op 30 gewannen. Domat stinn d'Chancë fir d'Häre vu Käerjeng weiderhi gutt. D'Red Boys vun Déifferdeng kréien et méi spéit um 20.00 Auer mat Kaunas aus Litauen ze dinn.

RTL-News: Käerjeng klappt HC Shakhtar am Challenge Cup 32 op 30

Käerjeng - HC Shakhtar 37:28

An der éischter Hallschent konnten d'Lëtzebuerger iwwerzeegen, op alle Fall wann een op de Punktestand kuckt, well do stoung et an der Paus 20 zu 15 fir déi Käerjenger. Wann ee méi kritesch ass, kann ee soen, dass d'Defense, déi normalerweis ëmmer ganz gutt steet, um Samschdeg net esou gutt war.

Nom Säitewiessel sinn déi Käerjenger ganz staark aus der Vestiaire komm a si konnte sech séier een zweestellegen Avantage erausspillen. No 40 Minutte stoung et 27 op 17 fir d'Lëtzebuerger.

Um Enn wënnt Käerjeng kloer mat 37 op 28 géint Donetsk an ass domat een Tour weider. Am nächsten Tour waart elo Krasnodar aus Russland.

© Gilles Tricca


Handball Käerjeng am EHF Challenge Cup (08.10.2017)
Déi Käerjenger konnte sech duerchsetzen a sinn eng Ronn weider.

Red Boys - Kaunas 32:26

D'Red Boys si besser an d'Partie gestart a konnte sech séier ee 6:3 Avantage erausspillen, ma do sinn d'Spiller aus Litauen erwächt. De Grigas konnt 4 Goaler hannertenee markéieren an esou d'Gäscht zeréck an de Match bréngen. Zur Paus stoung et 14 zu 12 fir d'Red Boys.

An der zweeter Hallschent hunn d'Lëtzebuerger dunn alles kloer gemaach, schonns no 38 Minutte war et een 20:15 Avantage. D'Equipe aus Litauen huet mat engem 6. Mann um Terrain gespillt, do war et de Kratovic, deen de Ball 2 mol interceptéiere konnt an de Ball aus der eegener Hallschent an de géigneresche Goal schéisse konnt. Zu dësem Zäitpunkt hat de Kratovic eleng schonns 10 Goaler markéiert.

An der Schlussphas sinn d'Spiller vu Kaunas e bëssen agebrach, wouvun d'Red Boys hei kloer profitéiert hunn. Ma och den Déifferdenger Keeper huet mat e puer flotten Arrêten zum Erfolleg, deen elo ganz no war, bäigedroen.

Um Enn wannen d'Red Boys kloer mat 32 op 26 géint Kaunas an hunn domat gutt Chancen op ee Weiderkommen. 14 Goaler dovunner huet de Kratovic geschoss. De Retourmatch gëtt de 14. Oktober a Litauen.

Handball Red Boys am EHF Challenge Cup (08.10.2017)
No enger Victoire doheem hunn déi Déifferdenger eng gutt Ausgangspositioun, fir déi nächst Ronn am Challenge Cup z'erreechen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.