HandballPéiteng klappt Dikrech mat 25 op 21

Péiteng war zu Besuch zu Dikrech fir de Kont vum 3. Spilldag am Handball-Championnat.

Et war ee Match tëscht zwou Formatiounen, déi dës Saison nach kee Match gewanne konnten. Et waren d'Gäscht vu Péiteng, déi besser an d'Partie komm sinn. Si konnte sech no nëmme 7 Minutten ee 6:2-Avantage erausspillen. Virun allem an der éischter Hallschent huet et u Wëlle gefeelt bei den Dikrecher. An der Paus stoung et aus der Siicht vu Péiteng 16 zu 10.

Ma den Trainer vun Dikrech muss seng Jongen an der Paus wakereg gerëselt hunn, well no der Paus ass et ee gutt Stéck besser gaange bei den Haushären. Et konnt ee bis un dräi Goaler erukommen, mee um Enn sollt déi besser zweet Hallschent net duergoe fir nach ze gewannen. Péiteng klappt Dikrech mat 25 op 21.

LINK: Bierchem klappt Diddeleng, Esch elo eleng Leader

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.