Handball: Challenge CupRed Boys verléieren, ma sinn awer een Tour weider

Um Samschdeg war de Retourmatch a Litauen tëscht Kaunas an de Red Boys Déifferdeng.

Den Allersmatch konnten d'Lëtzebuerger mat 32 op 26 géint d'Equipe aus Litauen gewannen. Domat hate si virum Retourmatch eng gutt Ausgangslag.

Dës hu si och gebraucht, well et war net einfach a Litauen. Si hunn de Match um Enn mat 25 op 26 verluer, ma duerch d'Victoire am Allersmatch, sinn d'Lëtzebuerger een Tour weider.

Am drëtten Tour vum Challenge Cup spillen di Déifferdenger géint den HC Dobrudja aus Bulgarien.
D'Partië si fir de Weekend vum 18. an dem vum 25. November programméiert.

RTL-News: Käerjeng een Tour weider, Red Boys wanne géint Kaunas

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.