VIDEO: DammenhandballKäerjeng: Fokus zeréck op de Lëtzebuerger Championnat

Ënnert dem Numm "Roude Léiw Käerjeng" huet eng Lëtzebuerger Dammenequipe an Däitschland matgespillt. Elo sinn d'Spillerinnen zeréck am Grand-Duché.

Dammenhandball: Experiment "Roude Léiw Käerjeng" ass eriwwer (22.10.2017)
D'Spillerinnen, déi an der Däitscher Liga gespillt hunn, si elo nees zeréck um Lëtzebuerger Parquet.

Hei konnt sech Käerjeng da mat 25:14 géint den aktuelle Champion Museldall duerchsetzen.

No 12 Joer ass d'Experiment Roude Léiw Käerjeng am däitsche Championnat eriwwer. Vill vun de Lëtzebuerger Damme spillen elo nees am Lëtzebuerger Handballchampionnat.

Ëmmer manner Lëtzebuerger Meedercher ware bereet, déi grouss Strapazen a laang Reesen op de Weekender op sech ze huelen, fir an Däitschland an der drëtter Bundesliga ze spillen. Dowéinst huet een zu Käerjeng decidéiert, datt Experiment op Äis ze leeën an d'Meedercher nees am Lëtzebuerger Championnat spillen ze loossen.

Hei konnte si  sech e Samschdeg mat 25:14 géint den aktuelle Champion HB Museldall duerchsetzen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.