FOTOEN: Handball-WM-QualifikatiounNo Remis géint Finnland, Nationaltrainer net onzefridden

Nom 23:23 géint Finnland war de Lëtzebuerger Nationaltrainer Maik Handschke net onzefridde mat senger Equipe, um taktesche Plang hat hien awer e Bémol.

No Remis géint Finnland, Nationaltrainer net onzefridden (26.10.2017)
Laang hat et gutt fir d'FLH-Selektioun géint Finnland an der WM-Qualifikatioun ausgesinn um Enn gouf et en 23:23.

Réckbléck op WM-Quali am Handball / Rep. Rich Simon



E Mëttwoch huet d'Handballnationalequipe den éischte WM-Quaifikatiounsmatch gespillt. Géint Finnland gouf et een 23:23 Remis.
Et war den éischten offizielle Match fir den neien Nationaltrainer.

De Maik Handschke ass mat 1 Punkt an d'Qualifikatioun gestart. An dat géint ee Géigner deen an der Weltranglëscht virun Lëtzebuerger läit. Do kéint een am Prinzip zefridde sinn. An awer gëtt et ee Bémol. 9 Minutte viru Schluss louch d'FLH-Selektioun nämlech nach mat 5 Goaler vir. An déi Avance hätt een dem Maik Handschke no missen heem schaukelen.

Eng Victoire wier e Mëttwoch méi wéi sécher dra gewiescht. Et hat esouguer no engem kloren a relativ einfache Succès ausgesinn. Dovunner wëll de Maik Handschke awer näischt wëssen. Am Lëtzebuerger Handball géing näischt liicht goen an d'Equipe hätt och géint Finnland richteg vill misse schaffen an do ass et da Schued, wann d'Equipe sou liichtfankeg eng Victoire aus den Hänn gëtt, sou de Nationaltrainer.  

Aus engem méigleche Succès ass e Mëttwoch just ee Gläichspill ginn. Trotzdem war de Maik Handschke awer net onzefridden a mengt och, dass senge Jongen dat net nach eng Kéier géing geschéien.

Dat kann d'FLH-Formatioun schonns e Sonndeg weisen. Da spillt se an der Slowakei den zweete WM-Qualifikatiounsmatch.

FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu

Lëtzebuerg verspillt Victoire a leschte Minutten
Handball Lëtzebuerg-Finnland / Reportage Serge Olmo



No den éischten 30 Minutte loung d'Lëtzebuerger Nationalequipe mat 14:10 géint Finnland a Féierung. An der zweeter Hallschent huet et laang gutt fir d'Lëtzebuerger ausgesinn. An de leschte Minutten hunn d'Lëtzebuerger et dunn awer verpasst de Sak zouzemaachen. Bis déi 51. Minutt war d'FLH-Selektioun mat 5 Goaler am Avantage an dunn ass eng ganz negativ Phas komm. De Martin Muller huet sech an der 52. Minutt blesséiert, de Keeper Chris Auger an der 55. Minutt.

An der 57. Minutt konnten d'Finnen op 21:23 verkierzen, 2 Minutte viru Schluss sinn d'Gäscht op 22:23 erukomm an 1 Minutt viru Schluss hu si op 23:23 ausgeglach. De Keeper vun de Lëtzebuerger, de Mika Herrmann, konnt Sekonne virum Enn nach e leschte Schoss vun de Finne paréieren, sou dass d'Partie tëscht Lëtzebuerg a Finnland mat engem 23:23 Remis ausgeet.

Fir d'Lëtzebuerger Handballnationalequipe wär e Mëttwoch den Owend méi wéi 1 Punkt dra gewiescht. De beschte Lëtzebuerger Buteur Tommy Wirtz, deen 8 Goaler geworf huet, war no de 60 Minutte frustréiert, well een net dat Resultat, wat een sech erhofft hat, erzielt huet.

Den neien Nationaltrainer Maik Handschke war éischter net frustréiert. Fir hie si virun allem déi positiv Verännerungen an der Equipe an Erënnerung bliwwen. D'Lëtzebuerger hunn et nämlech fäerdeg bruecht eng Equipe, déi am europäesche Ranking virun hinne steet, an de Grëff ze kréien.

Wisou hunn d‘Lëtzebuerger et net fäerdeg bruecht an der Schlussphas ze markéieren. De Christian Bock huet seng Iddi: Ech mengen net, dass kee wollt d'Responsabilitéit iwwerhuelen. Verschiddener hu gemengt, se missten ze fréi d'Responsabilitéit iwwerhuelen an dann huet et net funktionéiert. Ech mengen dat war e bëssen de Problem an da kënnt natierlech dobäi, dass am Ugrëff d'Ofstëmmung net esou gestëmmt huet, wéi et hätt misse sinn.   

Iwwer 50 Minutte gouf gutt gespillt, mä et ass net duer gaange fir ze gewannen. Heiansdo ass een no engem Remis richteg enttäuscht och wann de Géigner am europäeschen Ranking besser klasséiert ass.

Déi zwee aner Gruppe-Géigner heesche Slowakei a Russland. De nächste Match ass e Sonndeg a Slowenien. E Géigner, dee méi staark ass wéi Finnland.

© pressphoto


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.