Handball LiveDe Match Lëtzebuerg géint d'Slowakei am Livestream

E Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer kritt Lëtzebuerg et an der WM-Qualifikatioun mat der Slowakei ze dinn.

© pressphoto (Archiv)
Fir d'FLH-Selektioun ass et den zweete Match an der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2019. Géint Finnland hat een an der 1. Partie 23:23 gläich gespillt.

Virschau op de Match Lëtzebuerg-Slowakei
D'Partie géint d'Slowakei gëtt ganz sécher méi schwéier, wéi déi géint Finnland. A géint Finnland huet sech d'FLH-Selektioun d'Liewen och selwer schwéier gemaach. Kuerz viru Schluss ware se nämlech nach 5 Goaler vir, fir de Match dunn awer nach aus der Hand ze ginn. Et gouf ze séier probéiert nach ee Goal drop ze setzen. Dat huet dem neien Nationaltrainer Maik Handschke schwéier rop gestouss.

Virun allem an de leschte Minutte goufen et e puer Situatiounen, wou verschidde Spiller net ganz glécklech ausgesinn hunn, Aktioune sinn ze séier ofgeschloss ginn an de Bal ass net an den eegene Reie gehale ginn. An dat muss sech e Sonndeg änneren, well soss gëtt et e Sonndeg auswäerts ganz schwéier géint d'Slowakei. Dat weess och den Tommy Wirtz.

Finnland war e Mëttwoch ze packen. Géint d'Slowakei misst awer schonns ee klengt Wonner geschéien, fir dass den Christian Bock a seng Matspiller ee positiivt Resultat kënne realiséieren.

E Sonndeg net mat dobäi ass de Martin Muller. Hien hat sech jo géint Finnland blesséiert a geet net mat (hie geet e Méindeg an den IRM). De Mikel Molitor ersetzt hien am Kader.

De Yann Hoffmann muss mat sengem Veräin Braunschweig spillen a gëtt vum Alen Zekan ersat. De Chris Auger, dee sech och géint Finnland wéigedoen hat, ass awer nees fit.

Hei de Kader vun der Lëtzebuerger Nationalequipe fir de Match géint d'Slowakei:

1. Auger Chris
2. Bardina Yannick
3. Bock Christian
4. Cosanti Tommaso
5. Herrmann Mika
6. Hoffmann Jimmy
7. Kohn Julien
8. Krier Tom
9. Meis Tom
10. Molitor Mikel
11. Quintus Tom
12. Scheid Daniel
13. Schroeder Eric
14. Weyer Ben
15. Wirtz Tommy
16. Zekan Alen

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.