HandballDiddeleng, Schëffleng an Esch wannen

Um Samschdeg stoungen am Handball 4 Matcher bei den Hären um Programm.

Red Boys Déifferdeng zéie géint Diddeleng de Kierzeren (05.11.2017)
E Samschdeg den Owend hunn d'Red Boys mat 22:24 géint den HBD verluer.
An der Partie tëscht de Red Boys an dem HB Diddeleng waren déi Diddelenger iwwer déi ganz Partie a Féierung an tëschenduerch souguer mat 5 Goaler. Um Enn sinn d'Red Boys nach eng kéier erukomm, mee verléiere schlussendlech awer mat 22:24.

Tëscht Bierchem a Käerjéng war Et war laang Zäit eng enk Partie . Et war ëmmer eng Differenz vun 1-2 Goaler ausser zum Schluss vun der éischter Halschent wou Berchem eng kuerz Zäit mat 4 Goaler vir war. Et ass och bis zur 40. Minutt enk bliwwen mee dunn ass Bierchem dovugezun an hunn alles kloer gemaach.

© Gilles Tricca

Ausserdeem gewënnt Schëffleng mam enger knappst méiglecher Differenz vun engem Goal a soumat mat 24:23 an den HB Esch gewënnt ganz däitlech mat 28:15 géint Péiteng.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck