HandballDiddeleng wënnt Spëtzematch géint Esch

Um Samschdeg war de 6. Spilldag vum Handball Championnat bei den Hären a bei den Dammen.

© Gilles Tricca
Käerjeng wënnt de Spëtzematch bei den Dammen a steet elo eleng un der Spëtzt. Bei den Häre klappt Diddeleng den HB Esch.

Hären
HB Diddeleng - HB Esch 24:23

Diddeleng géint Esch, de Spëtzematch vum 6. Spilldag bei den Hären. An der Ufanksphas hunn op béide Säiten d'Keeperen hir Equippe mat flotte Paraden am Spill gehalen. D'Partie war iwwer laang Strecken total equilibréiert a keng vu béiden Equippe konnt sech richteg ofsetzen. Diddeleng war an der zweeter Hallschent déi besser Equipe, si hunn et awer net fäerdeg bruecht fir ee gréisseren Avantage erauszespillen. Diddeleng behaapt sech um Enn mat 24 op 23 géint Esch. Och wann d'Spill vu senge Spiller net dat allerbescht war, fir den Trainer vum HBD Nikolas Malesevic zielt um Enn d'Victoire.

Extrait Nikolas Malesevic



Highlights vum Spëtzematch Diddeleng géint Esch (12.11.2017)
Mat 24:23 konnten sech déi Diddelenger um Enn géint den HB Esch duerchsetzen.


Bierchem - Schëffleng 36:30

Bierchem hat keng gréisser Problemer bei der Victoire géint Schëffleng. Bierchem steet elo mat engem Match manner op der 3. Plaz mat 2 Punkte Retard op den HB Diddeleng an Esch. An der éischter Hallschent hu si sech nach méi schwéier gedoen, ier si an der zweeter Hallschent Alles kloer gemaach hunn. Beschte Buteur war den Antoine Biel mat 10 Goaler.

Chev Dikrech - HB Käerjeng 22:37

Dikrech bleift och am 6 Match ouni Punktgewënn. Si verléiere kloer op 15 Goaler géint Käerjeng. D'Gäscht hunn de Match vun Ufank u kontrolléiert a gewanne verdéngt zu Dikrech. Déi Käerjenger stinn elo mat 6 Punkten aus 6 Matcher an der Mëtt vun der Tabell.

Péiteng - Red Boys 35:40

D'Red Boys konnten zwar um Samschdeg zu Péiteng gewannen, mee et leeft weider net esou richteg bei de Red Boys. Si krute ganzer 35 Goaler geschoss, wat net grad fir d'Defense vun de Red Boys schwätzt. Dobäi muss een zwar soen, dass et an der Offensiv do besser gelaf ass, si konnten nämlech ganzer 40 Goaler markéieren. Den Daniel Scheid konnt als beschte Buteur, 10 vun dëse 40 schéissen.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
HB Diddeleng - HC Standard 29:28

An den éischten 10 Minutte vun der Partie huet een eigentlech geduecht, dass déi Diddelenger sech hei séier kéinten ofsetzen, ma et sollt awer bis zum Stand vun 18:16 relativ knapps bleiwen. Diddeleng konnt uschléissend bis maximal 7 Punkten dovun lafen. 10 Minutte viru Schluss stoung et 28:22 fir Diddeleng an et huet no enger klorer Affär ausgesinn, ma d'Damme vum Standard sinn nach eng Kéier komm. Um Enn sollt et knapps net duergoe fir nach ze gewannen, esou dass Diddeleng um Enn mat engem bloen Aen dovu kënnt a mat 29 op 28 gewënnt.

Chev Dikrech - HB Käerjeng 21:25

Am Spëtzematch tëscht den zwou Equippen un der Tabellespëtzt ass et ëm déi éischt Plaz gaangen. Käerjeng louch séier mat 3:0 am Avantage, ma Dikrech ass du wakereg ginn an no 20 Minutte stoung et 7:6 fir d'Lokalequipe. Dëst sollt awer déi éischt an eenzeg Kéier an dësem Match bleiwen, wou d'Dikrecher Damme vir waren. Käerjeng huet de Match dominéiert a war offensiv einfach méi effikass. Um Enn wanne si mat 25 zu 21 géint Dikrech a stinn elo eleng un der Spëtzt an der Tabell.

Museldall - Schëffleng 24:13

Am eenzege Match um Sonndeg klappt den Doublégewënner Museldall Schëffleng kloer mat 24 op 13. 

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.