Radio Sport-Club vum 17. NovemberDan Scheid: Problemer leie net beim neien Trainer

Déi riets Band vun de Red Boys war e Freideg den Invité am Radio Sport-Club. Fir déi Déifferdeng ass et de Moment net ganz einfach.

Am Handball spillt den Dan Scheid de Weekend am europäeschen Challenge Cup géint d'Bulgare vun Dubrodja. Am nationale Championnat dinn sech déi Déifferdenger am Moment e bësse méi schwéier. De Nationalspiller an seng Equipiere wëlle sech op der europäescher Bühn awer vun hirer beschter Säit weisen.

Radio Sport-Club Resumé / Reportage Franky Hippert


An de leschte Wochen ass et bei de Red Boys am nationale Championnat net grad esou gelaf, wéi erhofft. Géint Diddeleng a géint Käerjeng sinn déi Déifferdenger all Kéier als Verléierer vum Terrain gaang. Den Dan Scheid a seng Matspiller hunn d'Analyse zesumme mam Trainerstaff gemaach.

Et gräift nach net esou wéi et soll. Um neien Trainer Danilo Brestovac läit et awer guer net, seet och den Aldin Zekan, deen um Freideg am Radio Sport-Club als Iwwerraschungsgaascht bäigeschalt war.

Fir dëse Weekend mam europäesche Rendez-vous ass den Dan Scheid op jiddwerfalls optimistesch.

Ma och an de nationalen Kompetitiounen wëll een dës Saison zu Déifferdeng nees op d'mannst een Titel gewannen.

Radio Sport-Club: Dan Scheid



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.