VIDEO: HandballD'Red Boys wannen den Allermatch géint den HC Dobrudja

D'Red Boys Déifferdeng hunn am EHF-Cup den Allermatch géint d'Bulgare vun HC Dobrudja mat 43-23 gewonn.

D'Red Boys klappen Dobrudja mat 43:23 (18.11.2017)
Am Allermatch vum 3. Tour am Challenge Cup waren di Déifferdenger ze staark fir hire bulgaresche Géigner. De Retour ass schonn um Samschdeg um 18h zu Uewerkuer.
Um Freideg war am Handball den Aller-Match vu Red Boys Déifferdeng géint Dobrudja aus Bulgarien; dëst zu Uewerkuer am Kader vum 3. Tour vum europäeschen Challenge Cup. D’Schlussresultat ass 43-23 zugonschte vun de Red Boys. A priori sollt de Géigner ze packe sinn. Dat huet sech jo méi wéi confirméiert viru ronn 300 Spectateuren.

Resumé Red Boys-Dobrudja / Reportage Serge Olmo



Di Déifferdenger waren trotz enttäuschende Leeschtungen am Championnat optimistesch an de Match gaangen. No nëmmen e puer Minutten haten d’Bulgaren schonn 3 zwou Minutte Strofen géint sech gepaff krut. D’Visiteuren hunn och séier hir spilleresch Limitte gewisen. No 11 Minutten waren di Déifferdenger schonn 8-1 vir.  De bulgareschen Trainer huet en Time Out gefrot.

An der Paus stoung et 21-9 fir de Lëtzebuerger Vertrieder. Et war schonn  esou gutt wéi gelaf. Di zweet Halbzeit hunn di Déifferdenger kontrolléiert. Den Ecart ass trotzdeem méi grouss ginn.

D’Schlussresultat nach emol: 43-23 fir d’Red Boys. D’Qualifikatioun misst an der Täsch sinn géint e schwaache Géigner. Den Duo Senjin Kratovic / Dan Scheid huet di meescht Goaler geschoss mat respektiv 10 a 9 Goaler.

De Retourmatch vu Red Boys-Dobrudja ass um Samscheg um 18 Auer un an dat och zu Uewerkuer.

Den HB Käerjeng spillt um Samschdeg Mëtteg um 14 Auer eiser Zäit am selwechten europäeschen Challenge Cup zu Krasnodar a Russland den Aller-Match.

D’Dammen vun Diddeleng spillen och am 3 Tour vum Challenge Cup an dat doheem géint Azeryol aus dem Azerbaidschan. Dëst ass och den Aller-Match. D'Partie ass um Samschdeg Owend vun 8 Auer un.