Challenge Cup: 3. TourRed Boys eng Ronn weider, Käerjeng verléiert Allermatch

Bei den Damme gouf et fir den HB Diddeleng am 3. Tour vum Challenge Cup déi erwaarten Defaite am Allermatch géint e Géigner aus dem Aserbaidschan.

© Gilles Tricca / RTL Radio Lëtzebuerg
E Freideg haten d'Red Boys den Allermatch géint Dobrudja mat 43:23 gewonnen. Och e Samschdeg huet d'Equipe aus dem Grand-Duché d'Bulgaren dominéiert.

Déi éischt 15 Minutte war de Match tëscht de Red Boys an Dobrudja nach equilibréiert an et stoung 8:8. Duerno hunn déi Déifferdenger sech du lues a lues ëmmer weider ofgesat. No der éischter Hallschent hate si sech e Virsprong vu 6 Goaler erausgespillt an et stoung 18:12.

An den zweeten 30 Minutten hunn d'Red Boys en Zant zougeluecht. Si konnten no 47 Minutten de Virsprong op 13 Punkten ausbauen an et stoung 13 Minutte viru Schluss 31:18. Déi Déifferdenger hu sech dës Victoire net méi huele gelooss a gewannen de Retourmatch souverän mat 36:26 a stinn an der Aachtelsfinall vum Challenge Cup.

© Screenshot


Käerjeng krut et e Samschdeg am 3. Tour vum Challenge Cup mat Skif Krasnodar, der Nummer 2 aus Russland, ze dinn.

Krasnodar ass als Favorit géint Käerjeng an d'Partie gaangen, ma de Veräin aus dem Grand-Duché huet gutt matgehalen an huet der Lokalformatioun d'Liewe schwéier gemaach. No den éischten 30 Minutte loung Käerjeng a Russland mat 15:16 hannen.

No der Paus loungen d'Lëtzebuerger weider ëmmer mat 1 bis 2 Goaler hannen, ma et ass hinnen net gelongen op Krasnodar opzeschléissen. No 51 Minutte konnt Skif Krasnodar de Virsprong op 3 Goaler ausbauen an et stoung 26:23. An de läschte Minutten ass Käerjeng liicht agebrach, sou dass si no 58 Minutte mat 25:30 hanne loungen. An de leschte Sekonne konnt een de Réckstand op 4 Goaler verkierzen, sou dass et um Enn eng 27:31 Defaite a Russland gouf.

Nom Allermatch ass Käerjeng nach net geschloen. De 25. November hu si am Retourmatch d'Méiglechkeet d'Néierlag nees gutt ze maachen. Gespillt gëtt um 19 Auer um Dribbel.

© Screenshot


Bei den Damme war den HB Diddeleng e Samschdeg den Owend och am 3. Tour vum Challenge Cup am Asaz. Am Allermatch gouf et déi erwaarte kloer Defaite géint den HC Azeryol aus dem Aserbaidschan. Den HBD verléiert mat 15:36.

De Retourmatch gëtt e Sonndeg um 18 Auer gespillt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.