HandballKäerjeng klappt Schëffleng mat 38:31

Am nationalen Handballchampionnat huet den HB Käerjeng e Mëttwoch den Owend fir de Kont vum 7. Spilldag géint Schëffleng gewonnen.

An der Paus loung Käerjeng mat 19:15 géint Schëffleng a Féierung. An der zweeter Hallschent ass Schëffleng no 44 Minutten op 24:25 erukomm. Déi Käerjenger hunn den Ausgläich awer net zougelooss a konnten de Virsprong nees vergréisseren, fir um Enn mat 38:31 eng souverän Victoire ze feieren.

Beschte Spiller vu Käerjeng war den Temelkow mat 7 Goaler, op der Säit vun de Schëfflenger war et de Baumann mat 15 Goaler.

En Donneschdeg den Owend spillen d'Red Boys Déifferdeng géint de CHEV Dikrech. Dëst ass eng virverluechte Partie vum 8. Spilldag.

Bei den Damme gëtt um Donneschdeg, dann och fir de Kont vum 8. Spilldag gespillt. Hei sinn et d'Partien Red Boys géint Dikrech an den HC Standard ëmfänkt de Champion Museldall. Diddeleng hat sech en Dënschdeg scho mat 28:12 géint Schëffleng behaapt.

Link: Alleguer d'Matcher an d'Resultater am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.