Handball: Challenge CupBierchem wënnt Allermatch, Käerjeng eliminéiert

Am drëtten Tour vum EHF Challenge Cup huet Bierchem um Samschdeg doheem géint ORK Samot aus Serbien gespillt a Käerjeng géint Krasnodar aus Russland.

© Gilles Tricca
An engem ganz spannende Match huet keng Equipe engem eppes geschenkt. Käerjeng konnt sech ëmmer nees mat 2-3 Goaler ofsetzen a war esou kuerz virdrun sech eng méi grouss Féierung eraus ze spillen. Zum Schluss vum Match wou se d'Chance dofir haten, hu se dës awer leie gelooss. Se gewanne schlussendlech zwar mat 28:26 géint Krasnodar, mee dat ass awer leider net duergaang wëll den Allermatch gouf op 4 Goaler verluer.

Bierchem war de gréissten Deel vun der éischter Halschent a Féierung. An der Paus stoung et 13:10 an no der Paus ware se tëschenduerch mat 17:12 a Féierung. Dono war bei de Bierchemer awer e bëssen de Wuerm dran, d'Serben hunn opgeholl a sinn dunn souguer mat 21:20 laanscht gezunn. Dunn huet Bierchem awer nees den Tempo ugezunn, huet et nees däitlech gemaach a gewënnt schlussendlech verdéngt mat 26:21 am Allermatch géint ORK Samot aus Serbien.

De Retourmatch tëscht Bierchem a Samot ass e Sonndeg de Mëtteg um 16 Auer. Bierchem huet dann d'Chance sech nieft de Red Boys fir d'Aachtelsfinalle vum Challenge Cup ze qualifizéieren.

© Serge Olmo


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.