HandballDiddeleng wënnt ouni Problemer zu Dikrech

Um Donneschdeg gouf bei den Hären eng éischt Partie vum 9. Spilldag gespillt.

© pressphoto.rtl.lu
Hei ka sech den HBD mat 33:13 zu Dikrech duerchsetzen. An der Paus stoung et schonn 20:5 fir d'Gäscht aus Diddeleng. Bei den Diddelenger hunn den Alexsiej Szychzkow mat 8 Goaler, souwéi den Romuald Murera an den Tom Klohe mat béid 5 Goaler erausgestach. Beschte Butteur fir déi Dikrecher war den Veli Kurtisi, dee 4 Mol, dovunner 2 siwe Meter, getraff huet.

Mat wéinege Strofe sinn d'Arbitter Rauchs a Linster auskommen, déi den Dikrecher 1 Mol Giel an 2 Mol 2 Minutte gepaff hunn, a bei Diddeleng 2 Gielkaarten an 3 Mol 2 Minutten.

FOTOGALERIE: Impressioune vum Match op pressphoto.rtl.lu

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.