Handball-WM vun den DammenHolland, Norwegen, Schweden a Frankräich an der Halleffinall

Den Titelverdeedeger Norwegen konnt sech an der Ronn vun de leschten 8 kloer mat 34:17 (15:8) géint den Olympiagewënner Russland behaapten.

Frankräich no der Victoire géint Dänemark© afp
D'Hollännerinne konnte sech an enger spannender Partie géint Tschechien behaapten. An der Paus hat ee sech en Avantage vun engem Goal erausgespillt an et stoung 17:16. Am Laf vun der zweeter Hallschent konnt een de Virsprong vergréisseren, fir um Enn mat 30:26 ze gewannen.

Schonn en Dënschdeg hate sech Schweden a Frankräich fir d'Halleffinalle qualifizéiert. Schweden hat sech mat 26:23 (13:11) géint Dänemark behaapt. Fir Frankräich gouf et eng 25:22 (12:10) Victoire.

D'Halleffinalle ginn e Freideg gespillt. Hei kënnt et zur Neioplo vun der leschter WM-Finall tëscht Holland an Norwegen. Schweden kritt et nach mat Frankräich ze dinn.