Handball-WM vun den DammenNorwegen géint Frankräich an der Finall

E Freideg den Owend goufe bei der Dammen-Handball-WM an Däitschland d‘Hallefinalle gespillt.

© Afp
Norwegen huet Holland an der Halleffinall keng Chance gelooss. Den Titelverdeedeger wënnt kloer mat 32:23 (17:10) a steet an der Finall e Sonndeg den Owend um 17:15 Auer.

Déi zweet Halleffinall war méi spannend. Frankräich wënnt um Enn mat 24:22 (11:12) géint Schweden.