Coupe am HandballKäerjeng klappt Esch, Out fir Titelverdeedeger Museldall

Um Samschdeg stoungen nach zwou Véierelsfinalle vun der Coupe bei den Hären a bei den Dammen um Programm.

© Serge Olmo
Käerjeng klappt Esch an der Coupe mat 31 op 28 an Diddeleng huet keng Problemer géint de Museldall. Diddeleng, Péiteng, Bierchem a Käerjeng stinn an der Ronn vun de leschte 4.

Hären
HB Esch - HB Käerjeng 28:31

Käerjeng war besser an d'Partie komm a louch no 10 Minutte schonns mat 7 op3 vir. Esch huet sech an der Ufanksphas extrem schwéier gedoen. Ee weidere Réckschlag fir d'Lokalequipe gouf et ewéi hire beschte Buteur, de Julien Kohn, déi rout Kaart gewise krut. Ma si hunn net opginn an hu sech an dës Partie eragekämpft, esou dass an der Paus de Virsprong vu Käerjeng ee Stéck geschmolt war. 14:12 stoung et an der Paus fir Käerjeng. Esch konnt no der Paus an der 37. Minutt esou ausgläichen, ma dono hu si de Fuedem verluer a Käerjeng konnt nees dovun zéien, virun allem well de Käerjenger Keeper eng flott Parad no där anerer gewisen huet. Käerjeng konnt bis op 8 Goaler dovu lafen. Um Enn huet Esch nach eng Kéier alles probéiert, ma um Enn wënnt Käerjeng mat 31 op 28 a Käerjeng steet elo zesumme mat Diddeleng, Bierchem a Péiteng an der Ronn vun de beschte 4.

Museldall - HB Diddeleng 21:31

Fir d'Hären aus dem Museldall war et kloer, dass et um Samschdeg ganz schwéier géing gi géint den HB Diddeleng. Um Enn ass et och eng ganz kloer Saach fir d'Equipe aus der héchster Divisioun.

LINK: All d'Matcher vun den Hären am Iwwerbléck

RTL-News: Coupe am Handball: Bierchem a Péiteng am Final 4, Red Boys hu Protest ageluecht

Déi Déifferdenger Red Boys hunn, no der Eliminatioun no 7-Meter-Schéissen an der Véirelsfinale vun der Coupe, Protest ugemellt. D'Aktioun déi ugefächt gëtt, war e puer Sekonne virum Schluss vun der regulärer Spillzäit, wou den Déifferdenger Goalkeep eng rout Kaart gewise krut an et e 7 Meter ze schéisse gouf fir déi Réiserbänner.

Déi Déifferdeng haten no deem 7-Meter-Schéisse géint Bierchem verluer.

Communiqué de presse du Handball Red Boys

Concernant le match de coupe des 1/4 de finales entre le HB Red Boys et le HC Berchem le Handball Red Boys Differdange vous informe qu'il a déposé une protestation officielle contre le resultat du match suite à la décision arbitrale tombée sans raison à 2 secondes du temps réglementaire.

VIDEO: De Moment vun der Rouder Kaart

Bierchem eliminéiert Red Boys, déi leeë Protest an (16.12.2017)
No 7-Meter-Schéissen huet Bierchem mat 37:35 géint d'Red Boys gewonnen.


Dammen
HB Esch - CHEV Dikrech 21:35

D'Equipe vun Esch krut 3 Punkte Virsprong, ma dëst sollt net duergoe géint d'Damme vun Dikrech, déi eng ganz staark Saison spillen. Déi Escher hate guer keng Chance a verléiere kloer op 14 Goaler.

Museldall - HB Diddeleng 19:22

Den Titelverdeedeger Museldall hat et mat den Diddelenger Dammen ze dinn um Samschdeg. Um Enn kann Diddeleng sech mat 22 op 19 duerchsetzen an eliminéiert domat den amtéierende Coupe-Gewënner.

LINK: All d'Matcher vun den Dammen am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.