HandballRed Boys wanne géint Péiteng, Käerjeng klappt Dikrech

E Mëttwoch den Owend goufen am nationalen Handballchampionnat nach 2 Partië vum 13. Spilldag gespillt.

Käerjeng hat e Mëttwoch den Owend de Chev Dikrech op Besuch. No 60 Minutte gouf et fir d'Haushären déi erwaarte Victoire. Si gewanne mat 33:28. An den éischten 20 Minutte war d'Partie nach ausgeglach a keng vun den zwou Equippe konnt sech ofsetzen, sou datt et 11:11 stoung. No 25 Minutten hat Käerjeng sech mat 3 Goaler ofgesat, ma d'Gäscht konnten de Réckstand bis d'Paus op 1 Goal verkierzen an et stoung domadder 15:14 fir d'Lokalequipe. An den zweeten 30 Minutte konnt Käerjeng sech direkt am Ufank ee klengen Avantage erausspillen, si hunn dee bis zum Schluss geréiert a gewannen um Enn mat 33:28. 

Déi erwaarte Victoire gouf et och fir d'Red Boys géint Péiteng. Déifferdeng wënnt no 60 Minutte mat 37:29. D'Lokalequipe war vun Ufank un déi besser Equipe. No 12 Minutten hate si well eng Avance vu 6 Goaler an et stoung 10:4. Dëse Virsprong konnten déi Déifferdenger bis d'Paus halen. No 45 Minutten ass Péiteng bis op 2 Goaler erukomm an et stoung nëmmen nach 24:22 fir d'Red Boys. Déi Déifferdenger hunn awer gutt opgepasst a Péiteng ass ni ganz erukomm. An de leschte 4 Minutten ass Péiteng du guer kee Goal méi gegléckt, sou datt d'Red Boys um Enn kloer mat 37:29 gewannen. Ee Spilldag virum Enn vun der regulärer Saison steet Déifferdeng mat 19 Punkten op der 2. Plaz an der Tabell, dat punktgläich mat Esch a Bierchem. Un der Spëtzt steet Diddeleng mat 22 Punkten.

En Dënschdeg hat Esch mat 26:28 géint den Tabelleleader Diddeleng verluer. Bierchem hat zu Schëffleng eng kloer 41:28 Victoire gefeiert.

Link: Alleguer d'Matcher an d'Resultater am Iwwerbléck

[omments]