EHF Challenge CupBierchem steet an der Véierelsfinall

No der Victoire e Samschdeg, stoung e Sonndeg de Retourmatch um Programm deen och zu Crauthem gespillt gouf.

© Gilles Tricca
Eréischt een Dag virum Retourmatch konnt Bierchem den Allersmatch mat 34:29 géint Zaporozhye fir sech entscheeden. E Sonndeg war et dann awer eng méi knapps Ugeleeënheet, mee e knappe Virsprong konnte sech déi Bierchemer awer ëmmer verteidegen. Dëse knappe Virsprong konnte se dann och bis zum Schluss behalen a gewanne mam knappe Resultat vun 31:30 och de Retourmatch. Domadder steet Bierchem fir déi éischt kéier an der Veräinsgeschicht an der Véierelsfinall vum EHF Challenge Cup.

Bierchem an der Véierelsfinall/Reportage Jeff Kettenmeyer



Fir déi Krautemer leeft et den Ament an allen Hinsichten richteg gutt: Véierelsfinall am Challenge Cup, am Championnat uewe mat dobäi an am Final 4 vun der Coupe, vill besser kéint déi aktuell Situatioun net sinn.

Zu Bierchem hofft een doraus awer op d'mannst elo eppes kënnen ze maachen, esou de Cédric Stein. Och wann et den Ament exzellent leeft, muss een och genuch recuperéieren, mengt de Steve Moreira.

Den nächste Samschdeg spillen d'Red Boys de Retourmatch géint Dynamo Viktor an kéinten sech deemno mat enger Victoire vun op mannst 5 Goler als zweet Lëtzebuerger Equipe fir d'Véierelsfinallen qualifizéieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.