FOTOEN a VIDEO: Handball Challenge CupRed Boys verléieren och de Retourmatch

Och de Retourmatch konnten d'Red Boys net gewannen, ma si hunn awer eng gutt Leeschtung gewisen.

Am Allersmatch haten d'Red Boys Déifferdeng bei Dinamo Victor Stavropol a Russland mat 26:31 verluer. E Samschdeg hunn déi Déifferdenger sech virun allem an der éischter Hallschent gutt aus der Affär gezunn, nodeems si d'Ufanksphas e bësse verschlof haten, konnte si verkierzen an et war mat 12:14 aus hirer Siicht an d'Paus gaangen. An der zweeter Hallschent konnte si weider gutt mathalen, um Enn verléieren d'Red Boys awer knapp mat 26:28 géint Dinamo Victor.

Réckbléck op de Match/Reportage Rich Simon



Red Boys verléieren och de Retourmatch (18.02.2018)
Och de Retourmatch konnten d'Red Boys net gewannen, ma si hunn awer eng gutt Leeschtung gewisen.


Bierchem konnt sech de leschte Weekend fir d'Véierelsfinalle vum Challenge Cup qualifizéieren. D'Equipe aus dem Grand-Duché hat déi zwee Matcher mat 34:29 an 31:30 géint Zaporozhye gewonnen. Bierchem steet fir d'éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an der Ronn vun de leschten 8.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.