HandballBierchem kritt et am Challenge Cup mat AEK Athen ze dinn

Am Handball war um Dënschdeg den Tirage vun de Véierelsfinallen am Challenge Cup. Bierchem kritt et hei mat AEK Athen ze dinn.

Déi Réiserbänner si jo den eenzege Lëtzebuerger Vertrieder, nodeems d'Red Boys de Weekend eliminéiert goufen.

Den Allersmatch ass de 24. Mäerz an der griichescher Haaptstad um 15.00 Auer. De Retour ass samschdes um 20.00 Auer zu Krautem.

PDF: Communique vum HC Bierchem