VIDEO: HandballDen HB Diddeleng, Käerjeng a Bierchem wannen

Um 1. Spilldag am Titelgrupp bei den Hären wënnt Bierchem mat 26:22 géint den HB Esch an den HBD klappt Péiteng mat 38:28.

Am drëtte Match am Titelgrupp bei den Hären hunn sech d'Red Boys mat 32 op 37 géint Käerjeng missen geschloen ginn.



An der Tabell huet den HBD Diddeleng weiderhin 1,5 Punkten Avance op Bierchem.

An der Relegatioun bei den Hären huet sech Dikrech mat 30:20 géint Réiden behaapt.

Um 1. Spilldag am Titelgrupp bei den Dammen huet sech den HB Diddeleng mat 36:19 géint de Standard duerchgesat. E Sonndeg spillt Käerjeng géint Schëffleng an e Méindeg trëfft Dikrech op de Museldall.