Handball-PlayoffKäerjeng-Diddeleng an Esch-Déifferdeng: Et geet ëm vill

Um Optakt vum 2. Spilldag vum Playoff huet Bierchem géint Péiteng gewonnen an ass esou un d'Tabellespëtzt geklotert. Déi wëll Diddeleng awer zeréck.

Am nationalen Handball huet Bierchem en Dënschdeg den Owend fir den Optakt vum 2. Spilldag am Playoff 35 op 29 zu Péiteng gewonnen.

Domat sinn déi Réiserbänner provisoreschen Tabelleleader, ma e Mëttwoch ass schonn s d'Suite mat zwou ganz interessante Partien. Souwuel tëscht Käerjeng an dem HBD, wéi och tëscht Esch an de Red Boys, geet et um Donneschdeg em relativ vill.

Handball Playoff: 2. Spilldag / Rep. Jeff Kettenmeyer

Diddeleng wëll onbedéngt nees d'Tabellespëtzt iwwerhuelen, muss awer dofir zu Käerjeng ee positiivt Resultat mat Heem huelen. Ugangs der Saison wier dëst an der Form vum HBD ganz realistesch gewiescht, ma elo muss ee gewarnt sinn, well se zu Käerjeng nees richteg Loscht op Handball hunn.

De Weekend goufen d'Red Boys geklappt an d'Confiance ass nees do, seet de Mikel Molitor. Et spillt een doheem géint Diddeleng, an dat gëtt net einfach, well och den HBD eng grouss Confiance am Moment huet. "Mir kënnen och Handball spillen, an ech sinn zouversiichtlech, datt mer si klappe kënnen", sou den Ex-Diddelenger am Déngscht vu Käerjeng.

D'Red Boys hirersäits hunn enttäuscht, eng 5 Goler Defaite virun eegenem Public war alles anescht, wéi en idealen Optakt an de Playoff. Virun allem d'Aart a Weis stëmmt den Ament net, sou de Joe Faber. Wann een esou spillt, wéi de leschte Weekend, ginn et guer keng Punkten. Grad wann een elo op Esch geet, déi zwar Problemer mat Blessuren hunn, dofir awer eng Ekipp sinn, déi ëmmer kämpft. "Wa mir do esou optrieden, wéi dëse Weekend, da gi mer do net op 5 ënner, mä op 10".

De Géigner vun Esch ass jo ugeschloen, vill Blesséierter an deemno och d'Resultater, déi net optimal sinn. Fir den Trainer Werner Klöckner spillt deemno och déi englesch Woch net onbedéngt an d'Kaarten. Tëscht de Matcher huet een elo net vill Zäit, fir ze trainéieren an ze regeneréieren, well een nom leschte Samschdeg dann direkt e Mëttwoch a schonn nees dëse Samschdeg spillt. Elo e Mëttwoch kënnt d'Red Boys op Esch, eng Ekipp, déi och bis déi lescht Minutt wäert kämpfen, weess den Escher Trainer.

Béid Matcher ginn den Owend um 20.30 Auer ugepaff an och hei um Radio Live iwwerdroen.