Handball: Esch klappt Käerjeng

30:23 steet et um Enn fir Esch géint Käerjeng. Bierchem verléiert 2 Sekonne viru Schluss 22:23 géint Déifferdeng an Diddeleng wënnt 43:32 géint Péiteng.

4. Spilldag an der Relegatioun bei den Hären an do verléiert Dikrech 24:27 géint Stroossen an de Standard wënnt 26:16 géint Miersch a Beetebuerg verléiert 21:32 géint Schëffleng.

Bei den Dammen an der Relegatioun war et och de 4. Spilldag, an do wënnt Maacher 30:21 géint Réiden, Dikrech klappt Péiteng 34:30 a Miersch wënnt 32:16 géint Beetebuerg. Am Titelgrupp wënnt de Standard knapp mat 18:17 géint Käerjeng a Schëffleng verléiert 26:36 géint Diddeleng.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.