Handball: Esch spillt en Dënschdegowend géint Péiteng

4 Deeg virum Aller-Match an der Hallef-Final vum Challenge-Cup am Handball a Rumänien ass et den Owend e weideren Test fir déi Escher.

An enger virgezunnener Partie fir de Kont vum 6. Spilldag am Titelgrupp ass et um 20h30 d'Partie géint Péiteng.

Am Relegatiounsgrupp spillt den Owend de Standard géint Beetebuerg.