Handball: Suceava ass Favorit géint den HB Esch

Den Handball Esch trëtt e Samschdeg a Rumänien un an dat géint Suceava am Kader vun den Halleffinalen vum Europäeschen Challenge Cup.

Et ass scho laang gewosst datt de Samschdeg 20. Abrëll historesch kinnt sinn fir de Lëtzebuerger Handball.
Den Handball Esch trëtt nämlech a Rumänien un an dat géint Suceava am Kader vun den Halleffinalen vum Europäeschen Challenge Cup.
D'Rumänen sinn d'Favoriten mä di Escher si gutt drop a wëllen e weideren Exploit  fäerdeg bréngen.

CSU Suceava ass de Moment op der 8. Plaz am Rumäneschen Championnat.
D'Stad Suceava ass am Nordoste vum Land an der Regioun Moldawien ; et wunne ronn 106 000 Leit an der Stad.

Am Prinzip sinn d'Rumänen d'Favoriten well et jo Profien sinn.
Den Eric Schroeder, deen den Ament zu Käerjeng spillt war d'lescht Saison nach zu Suceava aktiv. Virdrun war hie beim Handball Esch. Fir de Nationalspiller ass dat e ganz besonnesche Match .

Dem Eric Schroeder no muss den Escher alles geléngen fir eng Chance ze hunn a virun allem dierf den Aller-Match a Rumänien net ratéiert ginn.

Bei den Escher waren de leschte Weekend  an och nach en Dënschdeg de Jeff Decker an de Max Kohl liicht ugeschloen. Et wier wichteg wann di 2 fir de Match a Rumänien 100% fit wieren.

Ufank de Woch an der Parti géint Péiteng gouf de liicht ugeschloenen Martin Muller geschount.
Natierlech ass sech zu Esch esou professionell wéi méiglech op de Géigner preparéiert ginn. Di vill Informatiounen iwwer Suceava hunn dem Sacha Marzadori no d'Moral guer net gebrach au contraire.

De Rendez-vous ass also um Samschdeg um 16 Auer eiser Zäit. De Retourmatch ass de 27. Abrëll zu Esch Lalleng.

Di aner Halleffinalisten sinn Runar aus Norwegen a Minsk aus Wäissrussland.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.