HB Diddeleng: De Romy Rech hält als President op

De Romy Rech hält um Enn vun der Saison als President vum HB Diddeleng op. Hie war elo 14 Joer un der Spëtzt vum aktuelle Champion.

Ween d'Successioun beim HBD am Juni no der nächster Generalversammlung iwwerhëlt, ass den Ament nach net gewosst.