Handball/Challenge Cup: HB Esch verléiert géint Suceava

Handball/Challenge Cup: Am Allersmatch vun der Halleffinale verléiert den Handball Esch mat 21:23 géint Suceava aus Rumänien. An der Paus stoung et 7:12.

Et war en historeschen Dag fir de Lëtzebuerger Handball, ëmmerhi steet déi éischte Kéier iwwerhaapt eng Lëtzebuerger Equipe an der Halleffinale vun enger europäescher Competitioun.

Esch huet den Ufank vun der Partie géint Suceava e bësse verschlof.

Suceava, déi aktuell Nummer 8 aus dem rumänesche Championnat, loung dann och séier 7:2 vir.

Vun dësem Retard huet sech den HB Esch ni wierklech konnten erhuelen och wann een no an no besser an de Match komm ass.

An der Paus stoung et schliisslech 12:7 fir Suceava.

Nom Säitewiessel gouf et dunn nach eemol richteg spannend. Beim Stand vu 15:13 waren et just nach 2 Goler Retard fir déi Escher.

Suceava huet sech awer séier erholl a sech nees e Virsprong vu 5 Goler erausgespillt.

Esch huet awer net opginn, zum Schluss gouf et dann och nach eemol ganz enk.

Um Enn setze sech d'Rumänen awer mat 23:21 duerch.

Mat dësem Resultat dierft awer fir déi Escher am Retourmatch nächste Samschdeg nach alles dra sinn.

An der zweeter Halleffinalle gewënnt Minsk auswäerts mat 32:29 géint Runar aus Norwegen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.